Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Préizerdaul: Fir dem Mangel u Musikanten am Duerfveräin e bëssen entgéintzewierken, huet d'Préizerdauler Musek viru Kuerzem d’Initiativ ergraff, fir de Schoulkanner aus dem Préizerdaul unhand vun enger klenger Virféierung déi verschidden Instrumenter virzestellen.
Begeeschtert waren d’Kanner, fir Mol dat eent oder anert Instrument selwer auszeprobéieren an och Mol ze versichen, de richtegen Toun erauszefannen. Mat vill Interessi hu si mat den Enseignaten aus deene verschiddene Klassen de klenge Concert vun de Museker och ganz gutt nogelauschtert.