Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Zenter 25 Joer als Band ënnerwee, 20 Joer als "Silbermond"! Um Freidegowend war déi Däitschrock-Band um "Porta hoch 3" Festival zu Tréier op Besuch.
An der impressionanter Kuliss vun der bekannter Porta Nigra huet Silbermond mat hirer Frontfra Stefanie Kloß am Kader vun hirer Open-Air-Tour al a bekannt Lidder aus hirem Repertoire gespillt, awer och Neier aus dem aktuellen Album " Auf Auf " hunn natierlech net däerfe feelen.
Virun engem ausverkaafte Public, och mat ville Lëtzebuerger, huet déi sympathesch Band an der däitscher Muselstad fir eng gutt a eng gehetzte Stëmmung bis an déi lescht Reie gesuergt.