Loosst Iech vum 15 Juli bis de 15. August vun 1.107km Weeër verzauberen! Vu Pied wéi aus engem Billerbuch, gréngen Däller iwwert kniwweleg Hiwwelen, all Schrëtt bréngt Iech méi no un d'Zil, nämlech ronderëm d'Welt ze wanderen!
De Wander-Summer ass fir jiddereen dee Freed um Wanderen huet op, onofhängeg vun Alter, Nationalitéit oder Fitnesslevel. Sidd Dir eng Koppel, déi besonnesch Momenter mat Äre Kanner wëllt deelen, e jonken Entdecker, sportlech Begeeschtert oder einfach en Naturgeck, dës Experienz ass fir Iech geschaf!
De Wander-Summer ass méi wéi just eng einfach einfach Wanderung, et ass en Abenteuer mat onvergiessleche Momenter.
Hei fannt Dir net nëmme reegelméisseg nei Fotoe vun de verschiddene Wanderungen, déi organiséiert gi sinn, mä och de Compteur vun all de Kilometeren déi wärend dem Wander-Summer getrëppelt gi sinn.
Kilometerstand um 2. August:
BROSCHÜR VUM WANDERSUMMER EROFLUEDEN