Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Erklärunge vum Organisateur Ren Spautz:
"Konschtausstellung „L’Art-Rochette“ invitéiert vum 2.09.-24.09.2023 op d’Fielser Buerg.
Vernissage war den 2. September um 15 Auer
Wann d’Konscht sech aus den enke Schabloune vun de Galerië befreit, dann ass d’Konscht an der Fiels ukomm, dëst an engem eemolege Kader vum mëttelalterleche Schlass, d’Fielser Buerg.
Invitéiert gëtt d’Konscht säit 2006 op d’Fielser Buerg, vum deemolege Grënner vun der Associatioun L’Art-Rochette, dem Roby Flick, engem Fielser Jong.
Hei fënnt d’Konscht déi Fräiheet déi si brauch fir wierklech fräi ze sinn, et gi keng Limitten, weder fir d’Konscht nach fir de Kënschtler.
Esou ass et komm datt d’Konschtausstellung L’Art-Rochette mat der d’Zäit wäit iwwert eis Grenzen eraus seng Konschtfrënn fonnt huet.
Ewéi Enn 2014 de Roby Flick dës Welt verlooss huet, hu verschidde Leit probéiert dem Roby säi Wierk virun ze féieren. Et waren dëst Privatleit aus der Kënschtlerscène an 2016 an 2017 huet d’Associatioun „Kultur op der Héicht“ de L‘Art-Rochette organiséiert.
2018 bis2021 ass näischt méi organiséiert ginn, d’Associatioun „Kultur op der Héicht“ ass opgeléist ginn a L’Art-Rochette asbl huet nach just um Pabeier existéiert.
Dräi Leit, d’Laurence Anciaux, Ren Spautz a Romain Nicolay, deenen d’Konschtausstellung L’Art-Rochette säit éiweg um Häerz geleeën huet, hunn eng nei Associatioun gegrënnt, L’Art-Rochette asbl bis, dëst am Joer 2021 a schon am September hunn si eng Fotoausstellung op der Fielser Buerg organiséiert, dëst a schwieregen d’Zäiten, nämlech der Covid-Pandemie. Et war mat de bekannten Oplagen net einfach an awer war et ee risegen Erfolleg ginn.
Am Joer 2022 ass am Juni eng zweet Oplag vun der Fotoausstellung organiséiert ginn an am September 2022 koum de grousse Moment, d’Konschtausstellung L’Art-Rochette huet säi Revival erlieft mam gewinnten Erfolleg. De Roby Flick, behaapten ech elo emol, wier stolz op eis gewiescht, hätt hien et kënne mat erliewen.
Mir schreiwen elo d’Joer 2023 an eis als Organisateur ass d’Aarbecht net ausgaangen, och do war am Juni eng Fotoausstellung an elo am September och erëm d’Konschtausstellung L’Art-Rochette, dëst alles am schéine Kader vun der Fielser Buerg.
Successstory geet weider."