Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An der "Vliegbasis Kleine-Brogel", ee militäresche Fluchhafe vun der belscher Arméi, konnt een um Weekend vum 8. bis den 10. September, déi bekannt "Belgian Air Force Days" bestaune goen. D'Visiteure hate hei de Choix tëschent der militärescher an der ziviller Aviatioun. Dat um Bueden an natierlech mat vill Spektakel um bloen Himmel.
Mat ënnerenaner waren dobäi :
- F-35 Lightning II Demo Team USAF
- Dream Viper Solo Display (F-16)
- Red Devils - Belgian air Force
- Mustang X-Ray - Armée de l'Air
- Spitfire OO-XVI
- Eurofighter Typhoon
- Patrouille de France (um Sonnden)
Och konnt een de leschte Vol vun der éischter belscher F-16, déi no 8000 Fluchstonnen aus dem Betrib geholl gëtt, bewonneren.