Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ketty a Rom Hankes: "E Méindeg bei herrlechem Wieder hate mir eis een Sightseeing-Vol iwwer Lëtzebuerg gegonnt. Mam "Diamond DA40" vun Aviasport si mir 1 Stonn iwwer Lëtzebuerg geflunn. De Start war um Findel, iwwer Mäertert, Gréiwemaacher Richtung Iechternach, wou mer d'Basilika gesinn hunn. Du goung et weider Richtung Veianen iwwer d'Schlass a laanscht Oberbecken vun der SEO an Direktioun Clierf. Do konnt een schéin d'Abtei gesinn, d'Clierfer Schlass. Iwwer Esch-Sauer, de Stau Richtung Buerschent och do konnt een d'Schlass gutt gesinn, dunn iwwert eis Heemecht Feelen, Richtung Colmer Bierg iwwer Lëntgen Luerenzweiler rëm ran op de Findel. Et war einfach herrlech, alles ganz kloer an d'Wieder hat jo super matgespillt. Mir soen dann awer och eisem Pilot, dem Mike, e grousse Merci fir de flotten Vol."