Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
"Das Blaue Sofa" huet sech zanter 1999 virun allem op gréissere Bicherfoiren, ewéi déi vu Frankfurt oder Leipzig, en Numm gemaach. E Freideg 29. September war d'literaresch Couche am Grand-Duché ze fannen. Grond sinn engersäits d'Ausstellung 1848 am Nationalarchiv, ewéi och den 175. Gebuertsdag vun eiser Constitutioun.
Gläichzäiteg war de renomméierten Auteur an Historiker Christopher Clark mat sengem neiste Wierk "Frühling der Revolution" op Besuch. International bekannt gouf de gebiertegen Australier ënner anerem duerch säi Buch "The Sleepwalkers", an deem den Historiker op d'Originne vum Éischte Weltkrich ageet.