Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ufank September hat de Richemont Club Luxembourg op den Internationale Richemont Kongress hei zu Lëtzebuerg invitéiert. De Richemont Club Luxembourg këmmert sech ëm d’Weiderbildung vun de Lëtzebuerger Bäcker a Pâtissieren duerch Coursen, Visitten op Ausstellungen an och Stagë vu Jonke Leit duerch ganz Europa.
De Motto vum Richemont Club ass: “Léieren, Ausbilden, Wësse weiderginn”. Duerfir sinn 130 Bäcker a Pâtissieren aus der ganzer Welt (12 verschidde Länner) bei de Richemont Club Luxembourg op Besuch komm. Déi wäitsten Urees haten ouni Zweiwel d’Kolleegen aus Mexico. Hei krute si niewent dem eigentleche Kongress ee ganz flotte fachlechen an och touristesche Programm gebueden. Freides gouf mat hinnen eng Visite guidée duerch Iechternach gemaach.
D’Molkerei vun der Luxlait stoung samschdes moies um Programm an am Nomëtteg hu mer an der Stad Lëtzebuerg eng flott Visite gemaach. Um Knuedler konnte se de Buttek vum Traiteur Kaempff-Kohler besichen an ee Pättchen drénken.
Wat wier Lëtzebuerg am September ouni Besuch op der Fouer mat engem Owesiesse fir 130 Bäcker a Pâtissieren an der Friture Irène.
Sonndes, ee fachlechen Highlight, mam Besuch vun der Produktioun vun der “Bäckerei vum Séi Jos & Jean-Marie” zu Mäertzeg. Mëttegiessen zu Useldeng am Centre Culturel an dann och eng gefouert Visite vun der Useldenger Buerg. Owesiessen mat Visite vum Betrib zu Nidderaanwen beim Traiteur Kaempff-Kohler an zum gudde Schluss eng Betriibsbesichtegung vun der Bäckerei “Panelux” zu Menster.
Een touristeschen Héichpunkt méindes moies mat der Visite vum Veianer Schlooss. Mëttegiessen offréiert vu “La Provençale” an och hei ass dee ganze Betrib besicht a bestaunt ginn. Als Ofschloss war dann traditionnel eng Soirée Gala mat Owesiessen a Musek am Hotel Légère zu Mënsbech.