Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Babymetal ass bekannt duerch hir Energie gelueden Optrëtter, déi mat enger eenzegaarteger Kombinatioun aus Metal-Musek a J-Pop programméiert sinn. Dat ganzt ënnermoolt mat enger flotter a faarweger Choreographie.
Déi japanesch Band, déi 2010 gegrënnt ginn ass, ass an hirer Musekszeen bekannt ginn duerch Lidder wéi „Gimme Chocolate“, "Karate" oder och "Megitsune". Si ass aus 3 Memberen zesummegesat a ka weltwäit op eng grouss Gemeinschaft zielen, wou si ee besonnesche Kultstatus genéisse kann.
Déi 3 jonk Sängerinnen, déi an der Rockhal an engem Schwaarz Gold Kostüm opgetruede sinn, hu schnell eng Rockhal op eng waarm Betriebstemperatur bruet, wou dann och schnell déi kal Temperaturen dobausse vergiess gi sinn.
D'Babymetal stoungen och schonn am Virprogramm vu renomméierte Gruppe wéi Metallica oder d'Red Hot Chili Peppers op der Affiche.
D'Virgrupp um Donneschdegowend war de britteschen Elektronic Duo "Warsgasm" aus London.