Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den 29.Februar stoung de Jason Derulo an der Minettsmetropole op der Bün.
Den amerikanesche Sänger, Songwriter an Dänzer huet scho fréi mat Musek ugefaangen, hat säi weltwäiten Duerchbroch awer 2009 mam Lidd "Watcha say". Zanterdeem ass et fir de mëttlerweil 34 Joer alen Artist weider biergop gaangen. Hie krut 18 Mol Platin fir seng Lidder, huet méi wéi 250 Millioune Singele verkaf an iwwer 100 Millioune Follower op de soziale Reseauen.