Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Venedeg ass eng wonnerbar Stad, wou et vill ze entdecken gëtt, vun der traditionelle Piazza San Marcoz bis bei de Ponte di Rialto. Plazen, déi ee soss net ze gesi kritt, kann ee mat enger Gondeltour duerch d'Kanäl vu Venedeg entdecken. Och fir Amateure vun de Kierchen huet d'Kanalstad massiv ze bidden. Ronn 160 Gotteshaiser kann een an an ëm d'Stad fannen. Eng Visitt vun der Basilica di San Marco an do iwwer d'Terrasse tëppelen, ass scho besonnesch.
Och sollt ee sech, wann een dann Zäit huet, d'Insele Murano a Burano ukucke goen. A wann der Iech ëmmer scho gefrot hutt, wisou d'Haiser do esou faarweg sinn, ma datt ass, fir datt d'Leit och am décken Niwwel sech besser orientéiere kënnen.