Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wiem eng C-Klass ze kleng an eng S-Klass ze grouss oder ze deier war, deen huet bei der E-Klass vu Mercedes-Benz meeschtens säi Gléck fonnt. Net fir näischt ass d’Uewerklass mam Stär och schonn iwwer 75 Joer d’Symbol fir Confort a souveräänt Fueren esou wéi den éiwege Favorit vun den Taxifuerer. Ob dat nach ëmmer op déi neist Baurei W214 zoutrëfft a wat sech par rapport zum Virgänger gedoen huet, dat huet de Paul Origer a sengem Laangzäittest erausfonnt.