Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
"Och dëst Joer hunn erëm vill Leit de Wee bis op den 10. Konscht-an Hobbymaart op Nidderpallen fonnt a konnte bei schéinstem Wieder e gemittlechen Tuer iwwert de Maart maachen a sech erëm vun der Kreativitéit an dem wonnerbarem Konschthandwierk vun den 89 verschiddenen Aussteller iwwerzeegen.
Encadréiert mat gudder Musik duerch den Duo Wa-Ta Touille an der Foulschter Strëpp konnten d'Leit e gudde Patt drénken an eppes iessen, dëst organiséiert vum Nidderpallener Gesanksveräin, dee sech mat Freed drëms gekëmmert huet."