Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den FC Marisca Miersch huet zesumme mat Sprangschlass.lu um syntheeteschen Terrain zu Miersch op Päischtsonndeg a -méindeg e grousst Event organiséiert, bei deem 15 Sprangschlässer opgeriicht goufen.
D'Organisateure vum Event waren zefridde mat der 2. Editioun, bei deem een ëmmerhin iwwer 2.000 Visiteure gezielt huet. Dowéinst huet een och decidéiert, fir dat nächst Joer eng 3. Editioun ze organiséieren, dat natierlech erëm um Päischtweekend.