![]()
Amerikanesch Truppe vum 16. Infanterie-Regime, déi bei der Invasioun vum Omaha Beach blesséiert goufen, waarde bei de Fielsen zu Colleville-sur-Mer op d'Evakuéierung an e Feldlazarett fir weider medezinesch Behandlung. / ©
REUTERS/Files
![]()
Sécherung vum Omaha Beach nom D-Day. / ©
REUTERS/Files
![]()
Déi viischt 14/45-Kanoune vum Schluechtschëff USS Nevada vun der US-Marinn schéissen op Positiounen u Land wärend der Landung um Utha Beach. / ©
U.S. Navy/via REUTERS
![]()
Kanadesch Truppen um Wee u Land bei engem Landungsgebitt vum Juno Beach zu Bernieres-ur-Mer de 6. Juni 1944. / ©
REUTERS/Ken Bell/National Archives of Canada
![]()
Membere vun engem amerikanesche Landungstrupp hëllefen Truppen, deenen hiert Boot um Omaha Beach duerch feindleche Beschoss versenkt gouf. / ©
REUTERS/Weintraub/US National Archives
![]()
En LCVP-Landungsboot vum Ugrëff-Transporter USS Samuel Chase vun den US-Garde-côtes a Richtung Omaha Beach. D'Boot dämpt, well et vun enger Kugel vun engem däitsche Maschinnegewier getraff gouf. / ©
U.S. Coast Guard Collection
![]()
Amerikanesch Verstäerkung lant de 6. Juni 1944 op der Plage vun Omaha bei Vierville-sur-Mer. / ©
REUTERS/Cpt Herman Wall
![]()
Gewierer a Form vun engem Kräiz weisen de Respekt vun engem Komerod un dësen amerikaneschen Zaldot, deen op de Barrikade gestuerwen ass. / ©
REUTERS/U.S. Coast Guard
![]()
E Sanitäter vun der US-Arméi beweegt sech laanscht eng schmuel Sträif um Omaha Beach a leescht Blesséierten Éischt Hëllef. / ©
U.S. Army/via REUTERS
![]()
En ofgestierzten US-Kampffliger um Ufer, kuerz nodeems déi kanadesch Forcen an der Landungszon Juno Beach zu Saint-Aubin-sur-Mer am Juni 1944 u Land gaange sinn. / ©
REUTERS/National Archives of Canada
![]()
US-Ranger weisen hir Leederen, mat deene si de 6. Juni 1944 d'Klippe gestiermt hunn, déi si fir d'Ënnerstëtzung vun der Landung um Omaha Beach zu Pointe du Hoc ugegraff hunn. / ©
U.S. Navy/National Archives
![]()
Kanadesch Zaldote studéieren en däitsche Plang vun der Plage wärend den D-Day-Landungsoperatiounen an der Normandie. / ©
Lieutenant Ken Bell/Library and Archives Canada
![]()
D'Garde côtes LCI(L)-85, dat bei der Approche vum Omaha Beach vu feindleche Waffe getraff goufen, preparéiert sech op d'Evakuéierung vun den Truppen op d'U.S.S. Samuel Chase. D'Schëff ass kuerz no der Opnam vun dëser Foto ënnergaangen. D'LCI(L)-85 war eent vu véier LCIe vun der Garde côte, déi um D-Day zerstéiert goufen. / ©
REUTERS/U.S. Coast Guard
![]()
Brittesch Truppen um kanadesche Marinn-Infanterie-Schëff HMCS Prince David um Wee u Land an der Normandie de 6. Juni 1944. / ©
PO Donovan J. Thorndick/Library and Archives Canada
![]()
Den zweete Batallioun vun US-Ranger, deen den Optrag hat, déi däitsch schwéier Verdeegungsbatterie vun de Küsten un der Pointe du Hoc westlech vun der Landezon Omaha Beach z'erueweren, marschéieren de 5. Juni 1944 bei hiert Landungsboot zu Weymouth. / ©
REUTERS/U.S. National Archives
![]()
De Kommandant vun den alliéierte Forcen, den General Dwight D. Eisenhower, zesumme mat Parachutiste vun der Easy Company, 502. Parachute Infantry Regiment (Strike) vun der 101. Airborne Divison, op der Fluchpist Greenham Common an England de 5. Juni 1944. / ©
REUTERS/U.S. National Archives
![]()
Truppe vun der US-Arméi an der Nuecht vum 5. Juni 1944 u Bord vun engem LCI(L)-Schëff vun der Garde côtes um Wee an d'Normandie. / ©
REUTERS/Files
![]()
De Paschtouer Edward J. Waters, kathoulesche Kaploun aus Oswego, New York, bei enger Mass fir d'Membere vun den éischten Ugrëffstruppen de 6. Juni 1944 zu Weymouth an England. / ©
REUTERS/Files
![]()
Landungsbooter waarden op den 2. Batallioun vun den U.S. Army Rangers, déi déi schwéier däitsch Küsteverdeedegungsbatterie un der Pointe du Hoc westlech vum Omaha Beach zu Weymouth an England z'erueweren. / ©
U.S. National Archives/via REUTERS
![]()
US-Truppe gi wärend der D-Day-Landung um Omaha Beach vun engem Landungsboot vun der Garde côtes bei Vierville sur Mer vu Land. / ©
REUTERS/Robert F. Sargent
![]()
En Denkmal fir en doudegen amerikaneschen Zaldot un der Küst, déi komplett vu Granaten zerstéiert gouf. / ©
REUTERS/U.S. Coast Guard
![]()
D'USS Tide vun der US-Marinn, déi Minneraume sollt, geet ënner, nodeems se vun enger Minn getraff gouf, wärend d'Crew vum sougenannten Torpedo-Patrulle-Boot PT-509 an dem Minneraumboot USS Pheasant ënnerstëtzt gëtt. / ©
U.S. Navy/via REUTERS
![]()
En LCM-Landungsboot vun der US-Garde côtes bréngt blesséiert US-Zaldote vun den Invasiounsplagë bei en Transport an der Normandie. / ©
U.S. Coast Guard Collection/U.S. National Archives
![]()
En amerikanesche Fändel läit als Markéierung op engem zerstéierte Bunker, zwee Deeg nodeem déi strategesch Plaz mat Bléck op d'D-Day-Plagen vu Ranger vum US-Militär zu Pointe du Hoc ageholl gouf. / ©
REUTERS/US National Archives
![]()
Verstäerkungstruppe vun der US-Arméi marschéieren en Hiwwel erop, laanscht en däitsche Bunker mat Bléck op den Omaha Beach bei Colleville-sur-Mer den 18. Juni 1944. / ©
REUTERS/US National Archives
![]()
En Jeep vum US-Militär fiert no der D-Day-Landung zu Valognes de 24. Juni 11944 laanscht déi zerstéiert Kierch Saint Malo. / ©
REUTERS/US National Archives
![]()
E Cromwell-Panzer féiert eng Kolonn vun der 4. County of London Yeomanry, 7. Armoured Divison, vu Gold a Richtung Ver-sur-Mer de 6. Juni 1944. / ©
REUTERS/National Archives of Canada
![]()
Kanadesch Truppe patrulléiere laanscht déi zerstéiert Rue Saint-Pierre, nodeems déi däitsch Truppen aus Caen verdrängt goufen. / ©
REUTERS/National Archives of Canada
![]()
Däitsch Krichsgefaangener marschéiere laanscht d'Landeplaz Juno Beach bei e Schëff, dat si an England bréngt, nodeems si vu kanadeschen Truppen zu Bernieres-sur-Mer gefaange goufen. / ©
REUTERS/Ken Bell/National Archives of Canada
![]()
Däitsch Krichsgefaangener, déi no der Landung um D-Day an der Normandie festgeholl goufen, ginn an engem Lager zu Nonant-le-Pin den 21. August 1944 vun US-Truppe bewaacht. / ©
REUTERS/US National Archives
![]()
Zaldote vun der 3. kanadescher Infanteriedivisioun visitéieren déi beschiedegt Kierch Saint-Martin De La Trinite no der "Operatioun Windsor", déi déi däitsch Truppen den 12. Juli 1944 aus Carpiquet verdriwwen huet. / ©
REUTERS/National Archives of Canada
![]()
E franséische Veteran vum Éischte Weltkrich begréisst Universal Carriers vum South Saskatchewan Regiment wärend engem kanadesche Virstouss an der Normandie den 20. Juli 1944. / ©
George A. Cooper/Canada Dept.
![]()
Infirmièrë vum 10. Canadian General Hospital, R.C.A.M.C. kommen am Juli an der Normandie un. / ©
Harold G. Aikman/Canada Dept. of National Defence
![]()
De Kapitän Callum Thompson, e kanadesche Geeschtlechen, hält eng Doudemass um Bréckekapp an der Normandie de 16. Juli 1944. / ©
Lieutenant Donald I. Grand/Library and Archives Canada