Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Et war am Corona Lockdown, wou déi amerikanesch Alternative-Rockband no hirer Trennung am Joer 2002 erëm zesummekomm ass, fir nei Lidder ze schreiwen an och fir een neien Album opzehuelen.
Mat dem Drummer Robert Mailhouse an op der Bassgittar, dem Hollywoodstar Keanu Reeves, stoungen dunn an der Rockhal och zwee Grënnungsmembere vun der 1991 gegrënnter Band op der Bün. Mat hirem Gittarist a Sänger Bret Domrose, deen zënter 1995 mat ënnerwee ass, huet de musekalesche Trio hiren drëtten Album mat dem Titel „Somewhere Between The Power Lines And Palm Trees“ dunn och bei eis am Grand Duché presentéiert.