Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Sonndeg 16 Juni 2024 hu Voices International an der Philharmonie an engem ausverkaafte groussen Auditoire d’Leit mat hirer „Harmony of Senses“ verzaubert.
Voices International, gegrënnt 1997, ass eng Chorale zu Lëtzebuerg, bestoend aus 39 Natiounen, mat engem Programm vu klassescher Musek bis hin zu méi exotesche Stécker an Eegeninterpretatiounen vu Chart-Stiermer.
Ënnert der Leedung vum James Libbey, gouf eng Diversitéit gefeiert, an de Public souguer mat an d’Performance integréiert. Den Erléis vum Concert vun den 150 Sängerinnen a Sänger geet zu 100% u karitativ Zwecker, am Fall vun Harmony of Senses dëst Joer un d’ALAN Maladies Rares Luxembourg, respektiv d’St Ann Weesenheem an Uganda.