![]()
D'Place Robert Schuman gesäit vun Uewen aus zimmlech komplizéiert aus... / ©
Domingos Oliveira
![]()
... dogéint ass d'Rout Bréck däitlech méi iwwersiichtlech. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Och wann do kuerz drop méi spueren optauchen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vun uewe gesäit de Casino an der Stad elo net esou spektakulär aus. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dofir awer d'Place des Martyrs. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Manner Bëtong, dofir méi gréngs bitt de Golf zu Jonglënster. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Solarpannele beim Waassertuerm um Rebierg. / ©
Domingos Oliveira
![]()
E klenge Quiz dotëscht. Wou ass dat hie? (Eng kleng Bonus-Info: Eist Gewënnspill vun haut ass net wäit dovun ewech) / ©
Domingos Oliveira
![]()
Et sinn d'Baggerweieren zu Rëmerschen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Op der nächster Foto erkennt een et vläicht e bësse besser... / ©
Domingos Oliveira
![]()
... d'Schengener Schlass. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dëst ass iwwregens de Gaart dovunner. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Zwar net d'Schlass, mä dofir d'Schleisen zu Schengen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Bleiwe mer an enger vun de bekanntste Stied am Land: D'Senioreresidenz vu Päiperlek. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An nee, keng Panik. Dës Schwämm gehéiert net zu där Residenz, mä et ass déi Oppe Schwämm zu Réimech. / ©
Domingos Oliveira
![]()
E bekannte Restaurant an der Géigend ass no dëser Plaz benannt... Oder ass et ëmgedréint??? Egal, op alle Fall ass dëst d'Wuermer Koeppchen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An e klenge Super-Close-Up vun der Réimecher Esplanade. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Op Lëtzebuergesch kenne mer dës Plaz als dräi Eechelen. An aus dësem Bléckwénkel weess een och, wisou. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dat d'Busser esou faarweg sinn, fält vun ënne bal guer net esou op. Virum Parc zu Gaasperech an aus dëser Perspektiv ass dëst Gefier e richtege Bléckfang. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Perspektiv ass iwwregens alles. Dës Plaz am Park ass mir esou däitlech nach ni opgefall. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Ech verroden et einfach direkt, well esouguer ech hu misste Googlen: De Waassertuerm op der Cloche d'or. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wiss bannen a Wiss baussen... Dat gëtt et ënner anerem am a beim Stade de Luxembourg. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An op der anerer Säit dovunner... Vill Stroossen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wéini war den Domingos Oliveira dann hei ënnerwee. Owes staut et mol gären, fir vu Maacher an Däitschland ze fueren. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An dëst Schëff e puer Meter ewech bréngt keng Autoen op déi aner Säit. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Ass dat een, een duebelen oder sinn et awer zwee Waassertierm um Kierchbierg... Dat misst ee sech emol ukucke goen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Schüler aus dëser Schoul net wäit dovun ewech wëssen dat vläicht. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Eppes ass kloer... d'Vëlospist tëscht dem Belval an Esch stécht ervir. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Unnützes Wissen: Wéi vill Parkplazen huet de Park and Ride Bouillon? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wann der elo gesot hutt, "ze wéineg", kéint dat stëmmen. Ma déi richteg Äntwert wier awer 2.442. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Hei gëtt scho ganz laang ganz ville Sue verdéngt. Laangzäit schonn ass d'Aire de Berchem eng vun den ëmsatzstäerkste Bensinnsstatiounen an Europa. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Ob de Chantier op der A4 dat beaflosst huet, ass eis aktuell net bekannt. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dëst Gebai hat emol e ganz aneren Zweck: "Op der Schmelz" zu Diddeleng. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Den CFL Multimodal zu Beetebuerg ass keen normale Parking. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vun uewe gesinn d'Felder, wéi dat hei zu Lalleng, ganz anescht aus. Wat do ugebaut gëtt, frot der Iech. Éierlech gesot, kann ech dat aus dëser Perspektiv net erkennen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi nërdlech Entrée/Sortie vum Tunnel Grouft. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Däichhale si scho puer Mol opgetaucht. Hätt Dir se direkt erkannt? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Gutt datt ech net Helikopterpilot sinn, well dëse Waassertuerm géif mech reizen, fir drop ze landen.... / ©
Domingos Oliveira
![]()
Hei e Feld zu Féiz. Wéi vill Kéi gesitt Dir? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wann der elo op eng Opléisung gewaart hutt... Deet mer leed Iech z'enttäuschen. Fir sécher ze goen, zielt d'Kéi nach eng Kéier oder kuckt Iech d'Schlass Turelbaach un. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Schlass zu Beefort, net ze verwiessele mat der Buerg. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dës Foto aus der selwechter Géigend irritéiert mech e bëssen... / ©
Domingos Oliveira
![]()
Genau wéi d'Labyrinth am Park Sënnesräich. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Fiels vun uewen huet schonn e gewësse Charme. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Genau wéi dës Wunngebaier zu Dummeldeng. / ©
Domingos Oliveira