Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den zweeten Dag vum E-Lake Festival stoung ganz am Zeeche vun der Electro Musek. Mat den Headlinere Ben Gold a Markus Schulz goufen d’Visiteuren op eng musikalesch Rees matgeholl, awer och lokal Kënschtler wéi den Nosi an de WazToo hu mat hiren Optrëtter hannert den Turntables begeeschtert. Een Highlight vum Dag waren d’Waarmloftballonen, déi nieft dem Site gelant sinn an domat fir eng eemoleg Atmosphär gesuergt hunn. E-Lake ass awer méi wéi just Musek, Iessen a Gedrénks; hannert de Kulisse schaffen eng Rei Leit onermiddlech drun, dass de Festival reiwungslos verleeft, nieft der Organisatioun, de Leit am Service oder Techniker fir d'Bün sinn dat och nach d'Police an de CGDIS déi zesumme mat der Security sur Place fir Sécherheet suerge.