![]()
Vatikan, 13. Mee 1981: De Poopst Jean-Paul II gouf a sengem Papamobil, engem ëmgebaute Fiat Campagnolo, vun zwou Kugelen getraff. / ©
Farabola / Leemage via AFP
![]()
Lëtzebuerg, 15. Mee 1985: Als éischte Poopst besicht den Jean-Paul II Lëtzebuerg. Mat derbäi ass natierlech och hei de Papamobil, eng ëmgebaute Mercedes G-Klass. / ©
RTL-Archiv
![]()
München, 3. Mee 1987: Virun der Mass mécht de Poopst Jean-Paul II nach een Tour duerch den Olypmesche Stadium. / ©
FRANK LEONHARDT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
![]()
Stroossbuerg, 8. Oktober 1988: De Poopst Jean-Paul II léisst sech fir seng véierte Visitt am Papamobil laanscht eng 40.000 Gleeweger am Stade de la Meinau féieren. / ©
ARCHIVES AFP
![]()
Turin, 24. Mee 1998: De Poopst Jean-Paul II wénkt de Leit aus engem Papamobil vum Typ Mercedes-Benz 230 G. / ©
GERARD JULIEN / AFP
![]()
Vill Kilometeren um Buedem, ma nach méi an der Loft: De Papamobil gëtt aus engem Militärfliger gefuer, fir dem Poopst Jean-Paul II seng Vititt zu Lourdes den 11. August 2004. / ©
JOSE NAVARRO / OFF / AFP
![]()
Roum, 8. Dezember 2010: De Poopst Benoît XVI ass ënnerwee mat sengem Mercedes-Benz G 500. D'Kuppel vum Audienzwon kann een erofhuelen. / ©
ALBERTO PIZZOLI / AFP
![]()
Beirut, 15. September 2012: De Poopst Benoît XVI gëtt an der libaneesescher Haaptstad vun de Massen empfaangen. Ënnerwee war hien hei an engem Mercedes-Benz ML 430. / ©
AFP
![]()
Vatikan, 27. Februar 2013: De Poopst Benoît gëtt no senger leschter wéchentlecher Audienz am Papamobil vun der Péitersplaz fortbruecht. / ©
GABRIEL BOUYS, GABRIEL BOUYS / AFP
![]()
Vatikan, 19. Mäerz 2013: De Poopst François ass ëmgi vu Sécherheetsbeamten, wärend hien am Papamobil fir seng éischt Mass als Poopst op d'Péitersplaz fiert. / ©
VINCENZO PINTO / AFP
![]()
Vatikan, 19. Juni 2013: De Poopst François léisst ee Jong mat Down-Syndrom säi Papamobil eemol ausprobéieren. / ©
OSSERVATORA ROMANO / VATICAN / AFP
![]()
Vatikan, 12. Oktober 2022: De Poopst François kënnt am Papamobil fir seng wéchentlech Audienz op der Péitersplaz un. Mat u Bord sinn och e puer Kanner. / ©
ANDREAS SOLARO AFP
![]()
Marseille, 23. September 2023: De Poopst François fiert am Papamobil duerch de Velodrome, an deem eng 57.000 Leit versammelt sinn. / ©
NATHALIE GUIRONNET Hans Lucas via AFP