Seefekëschte-Course am Kader vum Lënster Maart (28.9.24)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Virun e puer Joer ass den traditionelle Maart zu Jonglënster moderniséiert ginn. Zanterhier probéiert de Lënster Maart, nees méi Leit unzelackelen: Et gëtt méi Stänn mat méi enger breeder Offer an et gëtt och méi Animatioune fir Kleng a Grouss, dorënner eng Partie Concerten.
Bei der Editioun de leschte Freideg a Samschdeg, 27. an 28. September gouf et fir déi éischte Kéier och eng Seefekëschte-Course, dat am ieweschten Deel vun der Rue de la Mairie – enger zimmlech géier Sakgaass vun der Kräizung matten a Jonglënster erfort.
E Samschdeg de Mëtteg gouf do gekuckt, wéi eng vun de ronn eng Dosen Ekippen déi séierst an och wéi eng déi schéinst Seefekëscht gebaut hat. D’Präisser goufen dono op der Bün vum Lënster Maart virum Lënster Kulturzenter «Am Duerf» iwwerreecht. Am Kader vum Maart sinn do ënnert anerem och Dreamcatcher, de Joël Marques an De Läb opgetrueden.