Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
No sengem Besuch mat sengen "Hollywood Vampires" (jo, déi mam Jonny Depp) am Juni 2023 an der Minettsmetropole war den amerikanesche Kultsänger Alice Cooper am Kader vu senger "Too Close For Comfort"-Tour erëm eleng hei am Land ënnerwee.
Mat a senger Wallis den neien Album "Road", awer och bekannte Lidder ewéi "Poison" oder "School's Out" hunn natierlech op senger musikalescher Zäitrees um Samschdegowend net däerfe feelen. Dass dann och een Optrëtt vun engem Alice Cooper keng normal Bünepresenz sollt sinn, konnt een dunn och erëm um Owend an enger ausverkaafter Escher Rockhal materliewen.
Dem 76 Joer ale "Godfather of Shock Rock" seng Live-Optrëtter sinn nämlech duerch déi vill theatralesch Inzenéierungen aussergewéinlech a legendär. Nieft dem ville Blutt (natierlech Konschtblutt) waren eng Guillotine an nach vill aner aussergewéinlech Requisiten nëmmen e puer vu ville spektakulären Highlighte vun engem typeschen a spannenden Alice-Cooper-Horror-Spektakel, deen zwou Stonne gedauert huet.
Als Virgrupp waren et déi dräi Museker vun der Lëtzebuerger Band "Atomic Rocket Seeders", déi d'Leit an der grousser Hal op Stëmmung bruecht hunn.