Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Dëse Weekend ass de Centre culturel zu Béiweng schéi gefëllt mat Molereie vun direkt 6 Kënschtlerinnen. Ganz villfälteg sinn déi wonnerbar Wierker realiséiert mat ënnerschiddlechen Techniken, Collagen an Acryl op Toillen, déi vun de Kënschtlerinnen Patrizia Cassone, Annette Guyot, Ramonde Holz, Marie-Paule Ludovicy, Linda Pater an Pascale Seyler wärend 4 Deeg an der schéiner Galerie ausgestallt sinn. Ganz abstrakt sinn hei Biller mat Landschaften, Déieren a Personnagen ze bewonneren. An onreegelméissegen Ofstänn vun ongeféier dräi Joer weisen dem Pascale Seyler seng Schüler, wat hat hien hinnen un der Konscht vum Mole bäibruecht huet. D’Ausstellung mat fräiem Entrée am Centre culturel Edward Steichen zu Béiweng ass op vun e Freideg, den 18. bis e Sonndeg, den 20. Oktober 2024 vu 14 bis 18 Auer.