Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wal: Zënter 2001 ass et di schéin Traditioun vun de Réidener Juegdbléiser, vir d’Haupeschmass all Joer an engem aneren Eck vum Réidener Kanton ofzehalen. An der mat schéiner Juegddekoratioun dekoréierter Kierch zu Wal gouf de Gottesdéngst dëst Joer dann vum Paschtouer Jacques Bagnoud zelebréiert. Passender Weis hunn di Réidener Juegdbléiser ënnert der Leedung vum Marc Pletgen fir d’Verschéinerung vun der Hubertusmass gesuergt. A senger Predigt ass den Jacques Bagnoud op d’Missioun an d‘Passioun vum Jeeër an der Natur ënnert hirem Schutzpatroun dem hellegen Hubertus agaangen. Séin spezielle Merci huet hien de Réidener Juegdbléiser ausgesprach fir di schéin Traditioun, d’Haupeschmass all Joers op en neits mat hiren klangvollen Instrumenter ze verschéineren. Och de President Guy Schank huet zum Schluss vun der Mass all Bedeelegte säin Merci ausgedréckt, déi zur Gestaltung vun der 34. Haupeschmass zu Wal bäigedroen hunn. Mat engem vun de Juegsdbléiser offréiertem Concert mat Juegdmusek an engem Glas Glühwäin huet dës schéi Feier zu Wal hiren würdegen Ofschloss fonnt.