Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Och dëst Joer hunn d’Pompjeeën vu Groussbus a Préizerdaul nees drop gehalen, fir hir Schutzpatréinesch - déi helleg Barbara - ze feieren. D’Mass an der festlech gerëschter Kierch zu Groussbus gouf zelebréiert vum Pater Jean-Jacques Flammang a gesanglech verschéinert vum lokale Kierchechouer ënnert der Leedung vum Fos Schuster mam Organist Jos. Helbach. A senger Priedegt huet de Pater Flammang, de Pompjeeën villmools Merci gesot fir hiren dagdeeglechen Asaz am Déngscht vum Nächsten an datt déi helleg Barbara si och an all Situatioun beschtens soll beschützen.
D’Fürbitten, wou och un Pompjeeë geduecht ginn ass, huet d’Maria Schuster virgelies.