Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Pressemeldung: TEDxLëtzebuerg – Eng gefeiert Première op Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg, 9. Mee 2025
En Donneschden, de 6. Mee 2025 fou am Forum Geesseknäppche fir d’éischt Kéier een TEDxEvent komplett of Lëtzebuergesch ofgehalen. Ënnerstëtzt gouf dës Initiative vum Educatiounsministère.
Bal 200 Leit hunn hire Wee dohinner fonnt fir inspiréierend Rieden, beandrockend, kulturell Optrëtter a bedeitungsvoll Diskussioune mat z’erliewen an hunn dësen Owend zu engem grousse Succès gemaach. D’Evenement gouf duerch d’Presenz vu Vertrieder vum Educatiounsministère an dem Kulturministère geéiert – dorënner och dem Pierre Reding, de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
Moderéiert gouf d’Evenement vum Dirk Daenen, dem Organisateur vun den TEDx-Eventer zu Lëtzebuerg an Enseignant am CNFPC, zesumme mam Stéphanie Feltgen, enger fréier Enseignante mat 18 Joer Erfarung a mëttlerweil Coach fir Schüler-Empowerment.
Wat gebuede gouf:
• De Christophe Strotz huet eis un d’Schéinheet an de Räichtum vun eiser Lëtzebuerger Sprooch erënnert an de Publikum souguer animéiert, e lokal Lidd matzesangen.
• De Sam Houblie huet de Public mat senger perséinlecher Geschicht beréiert, an där hien op d’Wichtegkeet vun Diversitéit, Chance-Gläichheet an Inklusioun an der Aarbechtswelt a Gesellschaft higewisen huet.
• De Jean-Claude Juncker huet seng éischt TEDx-Ried via Video gehalen an där en eng staark Reflexioun iwwert d’international Weltuerdnung an d’Noutwendegkeet vum Fridde gedeelt huet.
• Dräi Student*inne vum Conservatoire de la Ville de Luxembourg hunn eis en Abléck an d’Perkussioun ginn an eis mat beandrockende Live-Optrëtter verzaubert.
No enger Paus mat wonnerbarem Iessen a Gedrénks ass den Owend mat neier Energie virugaangen.
• Dräi Dänzerinne vum Conservatoire hunn eng impressionant Kombinatioun vun enger traditioneller Choreografie an engem dynameschen urbane Jazz-Optrëtt presentéiert – e Beispill fir d’Villsäitegkeet vum jonken Talent zu Lëtzebuerg.
• D’Julie Rein, eng 21 Joer al Studentin aus dem “Diplom Plus”-Programm, war déi éischt Gewënnerin vum nationalen Iddie-Concours. Si huet en exzellent recherchéierten an emotionale Plädoyer gehale fir méi Zougang zu Therapie fir Jonker a géint de Stigma ëm mental Gesondheet.
• D’Chloé Gregoire, eng couragéiert a wuertgewant 15 Joer al Studentin vum Lënster Lycée an déi zweet Gewënnerin vum nationalen Iddie-Concours, huet den enormen Drock duerch d’Gesellschaft a soziale Medien thematiséiert an déi jonk Generatioun opgefuerdert, sech selwer trei ze bleiwen.
• De Misch Strotz huet an enger spannender Q&A-Ronn un seng TEDx-Ried vun 2022 ugeknäppt a souwuel déi rapid Entwécklung vu kënschtlecher Intelligenz erkläert ewéi och kuerz wéi laangfristeg Perspektive ginn.
D’Reaktioun vum Public war immens positiv – vill Gäscht hunn nach de selwechten Owend gefrot, wéini een Tickete fir d’nächst Joer kafe kéint. Et ass kloer: TEDxLëtzebuerg huet säi Public fonnt.
D’Virbereedunge fir d’Editioun 2026 si schonn am Gaang. Bis dohi soe mir e grousse Merci un all eis Spriecherinnen, Kënschtlerinnen, Sponsoren, Fräiwëlleger an natierlech un eise Public, deen dësen historeschen Owend onvergiesslech gemaach huet.