![]()
Marjolein aus Holland
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Well ee sech da gutt fillt.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Kleedung, déi ee selbstbewosst mécht. Et soll een och méi dacks op Second-Hand-Kleeder zréckgräifen, well et gi scho genuch Kleeder op der Welt. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Geschäftsmann aus der Stad
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Kleeder maachen engem iwwerall Dieren op. Ech hu scho Leit gesinn, déi geheescht hunn a gutt ugedoe waren an doduerch vill méi Sue kritt hunn. Et brauch net jiddereen e Kostüm unzehunn, mä et soll een dorop oppassen, wat een undeet.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Am Summer dinn ech gäre Shorts a Vesten un, am beschten aus Léngent. A gären hell an faarweg. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Radi
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Wann een duerch d'Stad trëppelt a sech an de Fënstere kuckt, gëtt et engem e gutt Gefill.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Komfortabel Kleeder aus natierleche Stoffer a faarweg. / ©
Alexandre Benavente
![]()
Conny Gyenis, Lëtzebuergerin, déi am Texas lieft
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Et gëtt engem e gutt Gefill. Ech ginn do net mat der Moud. An d'Kleeder sollten och praktesch sinn.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Kuerz Kleedeung. Hei an der Stad gesinn ech vill Leit mat laanger Kleedung, och bei deene waarmen Temperaturen. Am Texas, wou et bal all Dag 40 Grad sinn, geet dat net. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Laura Ropski aus den USA
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Fir d'Selbstbewosst sinn a fir sech gutt ze fillen.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Otmungsaktiv Kleedung an natierlech Stoffer. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Ernesto aus Spuenien
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Eigentlech wier ech bei deem Wieder méi liicht ugedoen, ma well ech op engem Business-Trip sinn, wierken ech méi seriö mat Hiem a laanger Box.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Fir de Summer brauch ee Shorts, T-shirts a liicht Kleedung. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Bennur Sudhir
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Fir d'Selbstbewosstsinn an et ass ëmmer flott, gutt ugedoen ze sinn.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Shorts, liicht Kleeder aus Léngent an hell Faarwen. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Elaine an John Bradshore aus Salford bei Manchester
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Kleeder maache Leit, ganz einfach.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Definitiv kuerz Boxen. A Kleeder, déi faarweg sinn an duerch déi d'Loft duerch kënnt. / ©
Alexandre Benavente
![]()
Emaille a Luca
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Et soll ee sech mat senge Kleeder wuel fillen, fir dass ee sech a sengem Kierper a sengem Kapp gutt spiert.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Definitiv T-shirts a Flip-Flops. / ©
Alexandre Benavente
![]()
Ferdinand Konrad aus der Stad
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Ech si vu klengem u gewinnt ginn, dorop opzepassen, wat ech un doen. Mat menger Famill ware mir vill ënnert Leit an do war dat normal.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Et soll ee liicht ugedoe sinn. Virun allem bei deene waarmen Temperaturen. An eng kuerz Box. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
Paul aus Lëtzebuerg
Firwat ass et wichteg, sech gutt unzedoen?
- Kleeder sinn eng Form, fir sech op den éischten Androck ze presentéieren an ze weisen, dass ee gefleegt ass. Iwwer Kleedung kann een och op seng Interessien opmierksam maachen. Ech interesséiere mech z.B. vill fir Schong. Wa lo een anere kënnt, dee sech och fir Schong interesséiert, deen erkennt dat direkt a gesäit, "ah hien ass wéi ech". Donieft soll ee sech wuel fillen a senge Kleeder a sech authentesch undoen.
Wat mécht déi richteg Kleedung fir de Summer aus?
- Sonnebrëll a Kap sinn definitiv essentials. A Shorts, mä et kann och eng laang Box sinn. / ©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente
![]()
©
Alexandre Benavente