Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
4.000 Leeferinnen a Leefer sinn e Sonndeg de Moie fir de Stadlaf zu Tréier un den Depart gaangen. Vum Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden, deen dono selwer matgelaf ass, goufe si pünktlech um 8 Auer op d'Pist geschéckt.
Et stounge méi Distanzen zu Auswiel: En Hallefmarathon, e Laf vun 10 Kilometer, iwwer 5,4 Kilometer goungen de Firmelaf an de Publikumslaf an fir déi kleng gouf et e Jugendlaf iwwer 1,6 Kilometer an e Bambinilaf iwwer 400 Meter.
Zil fir all d'Leefer war d'Simeonstraße, direkt mam Bléck op d'Porta Nigra.