Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Depart war zu Kopenhagen, eng wonnerschéin Stad, déi hir Rees wäert ass, dofir ware mir och well een Dag méi fréi dohin, fir e bëssen ze genéissen, iert et op d'Schëff gaangen ass.
Warnemünde mat engem Ofstiecher op Rostock stoung als éischt um Programm. Fir erop an Norwegen ware mir direkt mol een Dag ganz op Séi, iert mer zu Stavanger an Norwegen déi éischt Kéier ugeluecht hunn. Vun deem grousse Schëff erof op méi e klengt hu mir eis et net huele gelooss fir a Fjorden eranzefueren, Waasserfäll, herrlech Fielsen, eng schéi gréng Landschaft a bei herrlechem Wieder hu mir de Preikenstole vun ënne kënne bewonneren. 25x25m huet de Plateau, dee 604m héich ass an all Joer vun Dausende Leit besicht gëtt.
Den Dag drop war net manner spektakulär: Eidfjord ass anescht a méi kleng, awer d'Landschaft och do ass formidabel. Hei si mir e risege Waasserfall kucke gaangen.
Uschléissend stoung nees een Dag op Séi um Programm, mä och do gëtt et engem net langweileg. Fir Ofwiesslung ass um Schëff beschtens gesuergt. Ob am Wellness, oder uewen op Deck - een, dee wëll, fënnt do eppes, wat en intresséiert. Allerdéngs huet d'Wieder et net esou gutt mat eis gemengt, wéi mir zu Oslo ukomm sinn, awer do kann een eben näischt maachen a mir hu mat der Reejackett am Gepäck Oslo besicht, esou gutt et goung. Leider war dat och eis lescht Destinatioun, iert mir owes no der White Party d'Wallis nees virun d'Dier vun der Kabinn gestallt hunn an zu Kopenhagen erëm mat der Wallis an de Fliger fir op Lëtzebuerg geklomme sinn.