Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
20 Joer drop geet et nees op d’Alp d’Huez erop.
1991 ass eng Equipe vu Fräizäitcyclisten a fënnef Etappe vu Lëtzebuerg bis uewen aus op d’Alpe d’Huez pedaléiert.
Déi lescht Woch hunn déi passionéiert Vëlosfuerer Revival vun hirem deemolegen Tour gefeiert.
No 4 schwéieren Etappen, vëlozipedeschen a gastronomeschen, duerch d’Drôme, de Vercors an d’Isère stoung d’Kinneksetapp um Menü .
Iwwert de Col d’Ornon goung et op d’Bourg d’Oisans an als Dessert waren déi legendär 21 Kéieren erop op Alpe d’Huez programméiert.
Och mat 20 Joer méi um Bockel an an de Been, hu se all de Challenge nach eng Kéier gepackt. A si hunn och nach gutt dobäi ausgesinn.
Merci RTL
Si wollten et also nach eemol wëssen...An elo wësse se et!