Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Si ass DEE Rendez-Vous vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg: d'Foire agricole an den Däichwisen zu Ettelbréck, déi dëst Joer vum 2. bis de 4. Juli dauert. Fir Grouss a Kleng, fir Profien an Amateure gëtt do all Joer alles gebueden: vun Trakteren iwwer Klengdéieren bis hin zu regionale Produiten. Ganz grousse Wäert leeën d'Exposanten drop, Transparenz bei der Kette vun de Liewensmëttel spillen ze loossen: D'Clientë solle wëssen, wat vu wou kënnt a wéi wäertvoll eng lokal, regional oder national Eegeproduktioun ass. Déi eenzel Labelen aus dem Beräich si dofir genee esou präsent wéi z.B. bekannte Marke vun Agrarmaschinnen. A wat een der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze verdanken huet, dat kann een op dësem "Coming together" vun der Branche op Schratt an Tratt schmaachen - wouvun och op der Editioun 2010 bei extrem waarmem Wieder nees e sëlleche Leit profitéiert hunn!
Hei e puer kleng Foto-Andréck vum Samschdegmoie vum Luc Marteling.