![]()
D'Haaptattraktioun vun de Luxairtours-Ausflig zu Belek: de Rafting mat "Dream Adventures": ë Spaass fir d'ganz Famill! www.xxxdreamadventuresturkey.com
![]()
Ë Fotoshooting am äiskaalem Wasser - kee Problem bei 41 Grad!
![]()
Bei deenen tropëschen Temperaturen ass de Klotertuerm nët gutt besaat
![]()
Eng vun deene ganz beléiften Aktivitéiten: Beach-Volleyball
![]()
Direkt um Strand gin ët allerlee Wasser-Sportaktivitéiten
![]()
Den Ismail Gurzel rifft d'Boot fir de Parasailing (schwätzt gutt däitsch, wéi déi meescht Türken)
![]()
De Programm vun de Waassersportaktivitéiten
![]()
Trotz relativ héigem Wellegang leed d'Boot um Strand un
![]()
De Kapitän huet alles ënner Kontroll!
![]()
De Fallschirm gëtt präparéiert
![]()
Onendléchen Horizont
![]()
Mat Kanner kann een am Tandem fléien (10 € méi)
![]()
De Fallschirm spigelt séch am Mier, waat dréif ass duerch daat onrouegt Waasser
![]()
De Club Asteria Belek aus der Vulle-Perspektive
![]()
Lénks den Asterix-Club, rieds dee grousse Pool
![]()
Hei gesäit ee gutt, wéivill Gréngs ronderëm den Hotel ass
![]()
D'Asterix-Duerf mam Luxi-Club mam Fallschirm fotograféiert
![]()
De Pool ass ëm d'Mëttesstonn gutt besicht
![]()
Den Amphitheater an deem owes d'Showen sinn
![]()
Een Hotel um aneren - 56 an der Reih
![]()
De Bungee-Trampolin an d'Kloterwand kaschte 5 € Supplément
![]()
De Wassersportzenter aus der Luucht
![]()
A lass geet ët!
![]()
De Fallschirm geet op 110 Meter an d'Luucht - herrléch!!
![]()
Si hunn alles am Grëff!
![]()
D'Viva Vakanz-Gewënnerin Joëlle Coutelier vu Konter huet d'Vakanz vun enger Woch mat hiere 6 Kanner direkt emol ëm eng Woch verlängert: "ët ass super hei!!"
![]()
D'Jill ass frou mat séngen zwou "Jofferen"
![]()
De Cédric am RTL-Interview: "Ech bekëmmere méch ëm déi Jugendléch tëscht 12 a 16 Joër a proposéieren hinnen allerlee Aktivitéiten, ausser Sonndes ;-)"
![]()
Ganz beléift bei den Teenien: Wasserball mam Cédric
![]()
...geet ën eran oder nët...?!
![]()
Fir den türkëschen Nationalfeierdag war den Hotel ganz a rout a wäiss decoréiert!
![]()
Déi grouss Finale bei der "Guest-Show" - d'Halschent vun deenen, déi matgemaach hun, ware Lëtzebuerger!!"
![]()
Waka, waka mam Mini-Club
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
Eng schéi Souvenirsfoto mat deenen 2 Animatricen
![]()
D'Jill an d'Giusy: ëmmer gutt drop!!
![]()
D'Jill an Giusy hunn all d'Kanner aus dem Club op een Owesiessen invitéiert
![]()
Den italienesche Restaurant "by night"
![]()
Eng herrléch Nuetsvue op de Pool
![]()
Ë romantëschen Dîner en tête à tête? Alles ass méiglech!
![]()
Rido op: den Daag erwécht zu Belek!
![]()
Am italienesche Restaurant (ët gëtt och nach een türkëschen an ee chineseschen) ass d'Iessen nach eng Grëtz besser ewéi am normale Restaurant, mee ët muss een den Daag virdru resrvéieren!
![]()
Den Haapt-Restaurant vum Club Asteria Belek. D'Iessen ass ok, mee normalerweis ass um Buffet méi lass ewéi op dëser Photo :-)!
![]()
D'Piscine am Kannerclub
![]()
D'Asterix-Duerf vun uewen
![]()
De Beach-Restaurant - owes ganz romantësch!
![]()
2 Rutschbahnen mat Betreiung, soss giffen ët ënnen Accidenter!
![]()
D'Entrée vum Hotel - dee läschten an der Reih vun am Ganzen 56!
![]()
All 20 Minutten fiert ee Bus op Kadriye - 75 Cent pro Persoun an an 10 Minutten ass een am "Shopping-Paradäis"!
![]()
Dem Bus séng Klima-Anlag: oppe Fënsteren ;-)!
![]()
Den Zentrum vu Kadriye: vill gëtt ët hei nët ze kucken!
![]()
Valise, Box, T-Shirt... de Festival vun de Copien! Handelt bis op mannst 70% vum Präis = +/- 12 € fir een T-Shirt!
![]()
Shisha-Waasserpäifen sin ë Must an türkësche Caféen.
![]()
Kareta-Kareta - d'Déckelsmouken sinn an der Türkei "helleg"!
![]()
D'Luxi-Club-Animatrice Jill am RTL-Interview: "ët mécht vill Spaass mat de Kanner - ët war ee super Summer!"
![]()
D'Giusy vu Luxairtours: "..ët ass een als Animatrice hei nët mat Zoossiss ugestreckt, mee wann een deen Job gäer huet, mécht ët immens vill Spaass!!"
![]()
De Luxairtours-Guide Saskia de Vos: "Dee beléifsten Ausfluch, deen d'Leit buchen ass de River-Rafting, duerno Jeep-Safari a Quad"
![]()
Den General Manager vum Club Asteria Belek Ergün Avci: "Ët war fir eis eng super Première mat Luxairtours: 633 Zëmmer, 744 Kanner an 1316 Erwuessener - mir waren déi läscht Wochen ëmmer ausgebucht. De Lëtzebuerger ass ë super Client!"
![]()
D'Front Office Managerin Ayse Celiktas: "Eise Club bidd 3 Theme-Restauranten, Massagen, Piscinen, Kannerclub - alles fir dem Lëtzebuerger ze gefaalen, an daat an engem herrléche grénge Park!"
![]()
Mëttes um 12.00 Auer ass ëmmer Kanner-Disco am Luxi-Club
![]()
Am Gaart vum Club bléien herrlech Planzen
![]()
De Club ass ee richtege grénge Cocoon - waat brauch daat Waasser fir daat bei 41 Grad gréng ze behaalen!!
![]()
Zum Asterix-Duerf gehéiert och eng grouss Spillplaatz
![]()
Face-Painting kënnt bei de Kanner ëmmer gutt un!
![]()
D'Kanner kënnen séch beim Jill a beim Giusy hiert Motiv eraussichen
![]()
Am Asterix-Duerf ass och eng Kanner-Rutschbahn
![]()
Heiser esou wéi a Gallien beim Asterix a beim Obelix!
![]()
D'Elteren waarden op d'aller-retouren vun hiere Kanner ;-)!
![]()
Gutt gemaach: aplaatz vun honnerte Prabelien ass den Tour vun der Piscine iwerdaacht
![]()
Rutschen kann ee vu moies 10.00 bis 12.30 a vun 14.00 bis 17.00
![]()
Waasser-Basket an aner Spiller gi vun den Animateuren proposéiert
![]()
D'Entrée vum Asterix Mini Club
![]()
Dem Luxi Club séng Rezeptioun mam Programm
![]()
De Programm wiesselt all Daag - méindes ass Rouhdaag
![]()
An den Heiser kënnen d'Kanner Filmer kucken - mee wéi ee gesäit ass daat bei deene ville Fräizäitméiglechkeeten nët vill gefroot!
![]()
D'Animatricen hunn hiere giele Luxi-Club T-Shirt a sin esou fir d'Kanner liicht erëmzefannen
![]()
D'Jill huet eng Gedold fir 2! Daat gëtt eng Kéier eng gutt Joffer!
![]()
Selbst ist die Frau ;-)!
![]()
D'Schëff erhëllt séch a mécht eng Sieste bis déi nächst Kanner kommen!
![]()
E Kanner-Dartstournoi mat ongeféierleche Feiler
![]()
Dee beschte kritt bei all Spill ën Diplom!
![]()
Elo gi Sténg gemolt - all Kand huet séng Luxi-Kaap mam Numm dran!
![]()
D'Jill huet ëmmer e Laachen op de Lëpsen, och wann eis Animatricen hier Aarbécht nët esou liicht gemaach kréien (si mussen séch och ëm déi Kanner bekëmmeren, déi soss kee versteet - Villsproochegkeet kann och een Nodeel sinn...)
![]()
De Logo vum Luxi-Club
![]()
Aquagym mat enger grousser russëscher Clientèle
![]()
Erop-erof-erop-erof...
![]()
Uewen steet ee Kontroller, dee päift d'Kanner no an no eroof...
![]()
Am grousse Swimmingpool ass Plaatz fir jiddereen - waat ee leider nët vun de Liegestill ka soën, mee daat ass jo nët eleng hei esou!
![]()
D'Kanner gi laanscht de Swimmingpool ënnerhaal
![]()
Mam Schierm laanscht d'Plage fir 45 € (eléng) oder 55 € (am Tandem). Aner Méiglechkeeten: Banana, Jetski...
![]()
D'Kanner maachen eng Polonaise iwer d'Breck vum Pool
![]()
Eng weider "endlos" Schwämm laanscht d'Mier - herrléch!
![]()
Palmen suergen fir eng exotësch Stëmmung
![]()
De Club Asteria Belek ass dee läschten Hotel an enger Reih vu 56 - hannendru kënnt just nach ë Golf
![]()
De Sand ass gliddech bei 41 Grad - kee Wonner, dass keen driwwer leeft! D'Plage ass immens propper, wéi ee gesäit!
![]()
Eng gemiitléch asiatësch Bar
![]()
Och op der Plage ass fir Schied gesuergt
![]()
De Programm vu Luxairtours - ë Classeur gëtt all néideg Informatiounen
![]()
T-Shirte molen: daat beléifst Motiv: Miss Kitty!
![]()
Artistes en herbe
![]()
Nach ass den T-Shirt naass, mee dee gëtt elo geschwënn an der Sonn gedréchent!
![]()
A waat fir eng Faarf soll ech elo huelen???
![]()
D'Mamm hëlleft, wann d'Kand nët méi weider weess ;-)!
![]()
D'Giusy (Oofkierzung fir Giuseppina) schafft normalerweis bei Luxairtours - elo huet ët séch fir den Aussendéngscht ugemeld ;-)!
![]()
D'Animatricen hunn immens vill Geschéck mat de Kanner an deene schéngt daat ze gefaalen
![]()
D'Jill ass direkt eng wichteg Bezuchspersoun fir d'Kanner
![]()
Kuck do - dee ka jo guer nët molen!
![]()
An nëmmen nët iwer de Stréch!!
![]()
Kuck mäi Kand, esou geet daat!
![]()
Aplaatz "Spaghettiiiii" seet een hei "Luxiiiii"
![]()
De Fotograf laacht - séng Präisser sinn nët fir ze laachen: fir ee Famillgenalbum mat CD muss ee schon 300 € op den Dësch léen!!
![]()
Eng vun de ville Restauratiouns-Méiglechkeeten laanscht d'Plage
![]()
Sonnenënnergang op der Plage - schéin neh !!
![]()
De Pont eraus an d'Mier
![]()
Op der Plage léen d'Schildkröten hier Eer - déi Plaatzen sinn oofgespärt!
![]()
D'Sonn geet Enn August géint 19.15 ënner
![]()
Daat gi schéi Photoen fir den Album
![]()
Wann ee moies um 6.00 opsteet, kritt een nach ee Liegestull ;-((
![]()
D'Schwämm ass schéi propper, och ouni vill Chlor
![]()
Charmanten Empfang vum Animatiounsteam am Restaurant
![]()
Wichteg bei deenen tropëschen Temperaturen: dee groussen Zalotebuffet!
![]()
Och an der Türkei gëtt ët de Pizza-Uewen
![]()
Zu Lëtzebuerg giffe mer soën: gudde Kantineskascht (déi 3,5 Punkten am LT-Katalog si richteg!)
![]()
De Philippe: gléckléch op der Plage!
![]()
D'Giusy baut mat de Kanner eng Buerg - schwéier mat deem Sand an an där Hëtzt!
![]()
D'Jill mat séngem Fanclub
![]()
De Kaméil an den Iesel fanne kéng Clienten
![]()
Bei deenen Temperaturen deet esouguer ë Kaméil ë Sonnenhutt op ;-)!!
![]()
D'Giusy hällt séng Scheefercher schéi beieneen - ët geet relativ séier déif an d'Mier erof!
![]()
Buergbauer bei der Aarbécht!
![]()
Eng Luxi-Buerg!
![]()
Geschafft!!!
![]()
Komm mir zappen d'Joffer!!!
![]()
Portrait fir d'Famill doheem
![]()
Smile
![]()
Fluedbrout mat Zocker oder Schoofskéis mat Spinat, excellent mat enger frësch gezaapter Bottermëllech!
![]()
D'Jil an d'Giusy komme mat de Kanner laanscht kéng Schwämm ;-))!
![]()
Ë Leguan op Besuch am Club
![]()
Igittigitt
![]()
Groussen Undrang am Asterix-Club
![]()
D'Hänn an den Himmel
![]()
Ë Souvenir un zefridde Kanner
![]()
De Büro vum Luxi-Club - hei mussen d'Elteren hier Kanner unn- an oofmellen
![]()
Mir poséieren mam Jill a mam Giusy
![]()
Wéi beim Asterix doheem - flott gemaach!!
![]()
Stréien Heiser mat Kanner-Animatioun
![]()
Skulpturen verschéineren de Buffet
![]()
Schéin, oder?!
![]()
Ë Kannerbuffet op Kannerhéicht - super!
![]()
Efes-Béier: dee lokale Béier leeft nonstop an deet richteg gutt!!
![]()
Owes op der Terrasse vum grousse Restaurant
![]()
Kannerdisco owes um 20.30
![]()
Op der Bühn vu Colosseum ginn d\'Kanner definitiv midd gemaach ;-)!
![]()
D'Animateuren danze vir an d'Kanner no
![]()
A Ramsamsam, a ramsamsam, gulli, gulli, ramsamsam...
![]()
D'Gradins si voll mat begeeschterten Elteren
![]()
Ëmmer schéi maachen ewéi d'Jofferen
![]()
Eng Polonaise fir oofzeschéissen
![]()
D'Elteren maachen e Spaléier
![]()
Elo si mer zeideg fir an d'Bett
![]()
Si bei der Aarbécht gutt Frëndinnen ginn an hu séch owes fir d'Kanner besonnësch chic gemaach
![]()
D'Photographen maache flott Photoshop-Animatiounen! Mee wann Dir se onbedéngt wëllt: handelen, handelen, handelen!!!