![]()
D'Vue virum Hotel Riu Karamboa op der Insel Boavista
![]()
D'Viana-Wüst an der Mëtt vun der Insel Boavista - d'Mier huet de Sand an d'Land gespullt!
![]()
D'Touristen hun Tiermercher mat Sténg gebaut: schéin awer ouni Bedeitung ;-)!
![]()
Ë Stéck "Sahara" op Boavista
![]()
"Deine Spuren im Sand"
![]()
De Sand ass "kaal" par rapport zur baussenzéchter Hëtzt
![]()
No der Reeperiod am September leien nach ëmmer Wolléken iwer der Insel
![]()
De Luxairtours-Direkter Alberto Kunkel am RTL-Interview: "Am Summer 2011 fällt Chania (Kreta) ewéch, mee duerfir kënnt La Mezia am italienesche Kalabrien nei an de Programm. De Cap Vert bleift am Wanter 2011/12 am Programm."
![]()
Am Hafen vu Sal Rei (Insel Boavista kinnt ë bësse gebotzt gin!
![]()
De Fëscher sinn ër ganze Koup Sardinnen an d'Netz gaang!
![]()
Kanner ameséieren séch mat engem Surfbried - niewt dem Fussball dee beléifste Sport um Cap Vert!
![]()
Sardinnen à gogo - déi ginn direkt am Hafen gefëscht!
![]()
D'Fraë sammelen de Fësch an
![]()
Villes gëtt um Cap Vert um Kapp gedro fir de Réck ze schounen - och de Fësch
![]()
Sieste ënner de Beem
![]()
Boavista ass méi gréng ewéi Sal
![]()
Herrléch Vue eraus op d'Mier - déi kapverdianesch Inselen ware schon ëmmer strategesch immens wichteg
![]()
Fir Kannerphotoen freet d'Mamm 1 €
![]()
De rouden Thon, deen nët gefäerd ass, gëtt a Portioune geschnitt a fir 3 € de Kilo verkaaft!!
![]()
Vis-à-vis: d'Insel Sal Rei, wou d'Awunner séch de Weekend ausrouhen (si fuere mam Schëff eriwer oder schwammen dohin)
![]()
...daat huet säin Déngscht gemaach!
![]()
De lokale Maart zu Sal Rei (Boavista)
![]()
Eng Première: d'Boeing vun der Luxair op enger vun deenen 2 Parkplaatzen um Flughafen vu Boavista
![]()
...hei geet een nach zu Fouss an de Fliiger ;-)!
![]()
Daat immens frëndlécht Personal am Hotel Riu Karamboa präparéiert en herrléche Buffet
![]()
Lokal an international Spezialitéiten à gogo!
![]()
Fësch-Spezialitéiten an der Show-Kichen
![]()
Gudden Appetit!
![]()
Sand am Hotel Riu Karamboa (4 Luxairtours-Villercher)
![]()
De Riu Karamboa ass mat vill Gréngs ugeluecht
![]()
Gëllt fir all d'Riu Hoteller: immens propper!
![]()
...den Hotel Riu Karamboa: ën architektonësche Bijou!
![]()
...hei erënnert de Riu Karamboa ë bëssen un Indien (Taj Mahal)
![]()
D'Zëmmeren si bei Riu komfortabel, einfach a propper. Eenzege Bemol: si si schlecht insonoriséiert - ët héiert ee bal alles ;-)!
![]()
Déi schéi Schwämm vum Hotel Riu Karamboa
![]()
Relax an der Poolbar am Riu Karamboa
![]()
All d'Plagen um Cap Vert sin immens propper!
![]()
De Sonnenënnergang op der Plage
![]()
Liegestill si genuch do!!
![]()
Eng Postkaart vum Cap Vert
![]()
D'Mier ass dës Zäit op Plaatzen relativ agitéiert - kuerz no dëser Photo ass de roude Fändel opgehaang ginn!
![]()
D'Plagen um Cap Vert - ideal fir ze relaxen!
![]()
Sal mat de Salzfelder aus der Vulleperspektiv
![]()
Boavista aus der Loft - däitléch méi gréng ewéi Sal
![]()
Den Hotel Riu Karamboa (Boavista) vun uewen!
![]()
D'Sandsträif vu Boavista
![]()
Natur-Faarwespill
![]()
D'Pompjéen vu Boavista nätzen de Luxair-Fliiger bei der 1. Landung
![]()
Déi éischt Luxair-Gäscht op Boavista
![]()
Zu Fouss an den Terminal
![]()
Ën "Event" um Flughafen vu Boavista - ën neie Fliiger!
![]()
De Flughafen Boavista niewt der grénger Wiss - nach ausbaufäheg!
![]()
Den Hotel Riu Karamboa op Boavista (gläicht engem Disneyland)
![]()
Esou ginn déi Lëtzebuerger Gäscht empfaang
![]()
D'Kapverdianer hunn de Ryhtmus am Leiw!
![]()
Danz-Athleten
![]()
Do méngs de baal Du wiers zu Rio um Karneval
![]()
Den Hotelpark vum Riu Karamboa
![]()
De Riu Karamboa huet 750 Zëmmer - do bass de schon ë bëssen ënnerwee ;-)!
![]()
D'Lobby-Lounge mat enger herrlécher Vue
![]()
E Markenzeechen vun de Kapverdianer: hier Frëndléchkeet!
![]()
D'Entrée vum Hotel Riu Karamboa
![]()
D'Luxair-Crew vum Inauguratiounsvol: frëndléch a kompetent!
![]()
Daat nennt een ë gutt gefëllte Minibus!
![]()
Espargos op der Insel Sal huet säin Numm duerch d'Spargelen, déi fréier hei ugebaut goufen!
![]()
Espargos ass nët onbedéngt een architektonëschen Highlight!
![]()
Antennen a Radar um Hausbierg vun Espargos
![]()
Alles an allem ass de Lëtzebuerger Grupp éischter enttäuscht vum Panorama op der Insel Sal
![]()
Sténg, Sténg an nach eng Kéier Sténg!
![]()
Espargos ass eng hallef fäerdeg Stad ouni Cachet!
![]()
Op der Duerfplaatz vun Espargos
![]()
Bananen sinn importéiert an duerfir relativ deier!
![]()
Trotz Bensinspräisser iwer 1 € hu se déck Autoen um Cap Vert
![]()
Ë Kand vun der Sonn
![]()
Daat nennt ee wuel "Tonne Kleeder"
![]()
Um Pickup huelen se bis zu 10 Leit mat an deelen séch esou d'Käschten vum Transport
![]()
Fréier gouf hei d'Salz aus dem Krater bei d'Mier transportéiert
![]()
D'Seelbunn, déi d'Salz bei d'Schëffer bruecht huet
![]()
D'Salzwasser kënnt ënnerierdësch an de Krater - haut gëtt dëse flotte Site op Sal vun engem Italiener fir Thalasso-Therapien genotzt
![]()
Historësch: den 1. Luxair-Vol vu Sal op Boavista
![]()
De Fändel vum Cap Vert am Wand - ët ass genuch Loft den Ament - gottseidank, bei schmeieren 27°!!!
![]()
D'Thorunn cremt séch emol an ;-)!
![]()
Den Direkter vu Luxairtours, den Alberto Kunkel, ass déck zefridden: de Cap Vert verkeeft séch immens gutt!!
![]()
Vum Ponton sprangen d'Kanner an daat proppert Waasser
![]()
D'Animatrice erklärt waat een alles ënner Waasser gesäit
![]()
En Nationalsport um Cap Vert: Kite-Surfen
![]()
De Mito: Weltmeeschter am Kite-Surfen
![]()
Ënnerwasserboot - nët ideal fir Photoen ze maachen
![]()
Iwerräschter vun engem Schëff, waat do ënnergaang ass
![]()
Kapverdianeschen Danz um Schëff - si sinn ëmmer gutt gelaunt
![]()
...me too!
![]()
D'Christus-Statue ënner Waasser soll d'Fëscher beschützen
![]()
De Fësch gëtt direkt op der Plage gefaang a propper gemaach fir aner Fësch mat den Iwwerräschter unzezéihen!
![]()
Zwee schéin Exemplairen vum Serra-Fësch
![]()
Schildkröten sinn "helleg" um Cap Vert
![]()
Hei ginn d'Caretta Caretta gezillt
![]()
D'Plage vum Riu Funana op Sal
![]()
D'Plage ass zu dëser Zäit nët iwerfëllt
![]()
Ët geet flaach an d'Waasser eran
![]()
Dolce farniente
![]()
Op der offizieller Pressekonferenz: d'Vertrieder vum Cap Vert, Riu a Luxairtours
![]()
Ë Souvenirsbuttek - do muss een handelen!
![]()
E kléngen Hotel direkt beim Mier
![]()
...herrléch Plagen à gogo!
![]()
E gudde Fësch-Restaurant zu Sal direkt beim Mier
![]()
Rénge wäisse Sand zeechent de Cap Vert aus
![]()
Muschelen a Korallen, déi ee fënd, kann ee mat heem huelen, de Sand just a klénge Portiounen!
![]()
Hei gesäit ee wéi propper d'Wasser ass
![]()
Schéi fir kilometerwäit laanscht d'Mier ze spazéieren
![]()
Eise sympatësche Guide mat sénge "Méllechzänn"
![]()
Um Cap Vert gëtt och Wäin gemaach: rouden a wäissen vun der Insel Fogo
![]()
Fësch: ë Must um Cap Vert!
![]()
Den Thierry Lippert vu Péiteng schafft fir den Ausseministère an der Cooperatioun um Cap Vert: "ët ass wichteg, dass d'Luxair elo op de Cap Vert flitt - all Tourist mécht do och ë bëssen Entwécklungshëllef!"
![]()
...do giff een dach am léifsten direkt an d'Waasser, waat nach ëmmer gutt waarm ass!
![]()
De Luxairtours-Direkter Alberto Kunkel: "De Cap Vert boomt: elo hu schon iwer 2.000 Client'en gebucht a mir hu fir d'Chrëschtvakanz scho Volen bäigesaat!"
![]()
Importéiert Masken aus Afrika
![]()
Déi Fruchtbarkeets-Masque kënnt aus dem Benin (60 €)
![]()
D'Inselen vum Cap Vert (9 sinn der bewunnt) - d'Luxair flitt op Sal an op Boavista (rechts)
![]()
Wandmolerei op den Heiser (Heiser hu kéng Nummeren, Stroossen hu keen Numm!)
![]()
Muschelen kann ee kaafen, mee fënd een och op der Plage!
![]()
Fëscherbooter raschten bis dee Moien drop
![]()
Um Cap Vert ass ët verbued op der Plage ze verkaafen!
![]()
D'Plage vu Sal: ën Draam!
![]()
De Fësch gëtt direkt gebotzt
![]()
Glaskloërt Wasser voller Fësch
![]()
Mam Zodiaque geet ët eriwwer op d'"U-Boot"
![]()
D'Schëff fir d'Ënnerwaasserwelt ze entdecken
![]()
Historësch: den 1. Luxair-Vol op de Cap Vert (Sal)
![]()
Um Wee fir op de Cap Vert fléie mer laanscht Teneriffa (am Honnergrond den Teide)
![]()
D'Piloten um Vol inaugural: de Kapitän Marc Welter (lénks) a säi Co-Pilot Alexander Hjort
![]()
D'Insel Sal aus der Vulleperspektiv
![]()
De Flughafen vu Sal - wäit a breed kee Fliiger ;-)!
![]()
De Flughafen dréit den Numm vum Fräiheetskämpfer Cabral, deen derfir gesuergt huet, dass de Cap Vert 1975 onoofhängeg ginn ass vu Portugal
![]()
De Generaldirekter vun der Luxair, den Adrien Ney, freet séch iwer déi wäitst Destinatioun, déi bis elo vun eiser nationaler Fluggesellschaft ugeflunn gouf
![]()
De Marc Welter weist den Domm: sécher geland op enger fir d'Crew och neier Destinatioun!
![]()
Do fillt een séch wéi den Neil Armstrong: fir d'éischt kapverdianësche Buedem ënnert de Féiss
![]()
De Logo vu Luxairtours fir déi nei Destinatioun: ein schöner Rücken kann auch entzücken!
![]()
Beim Anchecken muss een de Visa-Formulaire (ass am Luxairtours-Package mat dran) an de Pass (muss nach 6 Méint gülteg sinn) weisen - alles onkomplizéiert!
![]()
Bon Dia - bienvenue au Cap Vert!
![]()
Musék fir op de Goût ze kommen
![]()
Mir ginn direkt mat Vitaminen empfaang!
![]()
No 6 Stonne Vol (3 Stonnen Zäitënnerscheed am Summer) kann ee schon eng Stärkung verdroën!
![]()
Kichelcher vum Cap Vert
![]()
Fëschbouletten: hmmmmmhhh!!!
![]()
De Flughafen vu Sal
![]()
Luxairtours ass natierléch immens wëlkom um Cap Vert a si weisen eis daat och!
![]()
D'Piscine vum Riu Funana (dee mam Riu Garopa gekoppelt ass)
![]()
Vill Plaatzen vum Riu Funana a Garopa sinn nach "nët fäerdeg" - eis huet de Riu Karamboa op Boa Vista vill besser gefall!
![]()
De Wee op d'Plage beim Riu Funana
![]()
Herrlécht Faarwespill!
![]()
Op der Plage kritt Dir allerlee Ausflig a Wassersport proposéiert!
![]()
Exotik pur bei der Schwämm!
![]()
Esou léist séch entspaanen!
![]()
De Restaurant vum Riu Funana am Kolonialstil
![]()
Virun zwou Wochen huet ët gereent - elo muss emol geméint gin! Aussergewéinléch um Cap Vert!
![]()
Biller sinn ë schéine Souvenir (verschiddener si mat Sand gemaach)