Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Schlussprëssessioun e Sonndeg, 29. Mee war dee feierlechen Ofschloss vun der Muttesgottesoktav 2011, un där sech nees Zengdausende vu Leit bedeelegt hunn.
D'Prëssessioun ass kuerz no 15 Auer bei der Kathedral fortgaangen, op dësem Itineraire goung et dunn duerch d'Uewerstad: Kathedral - Rue Notre-Dame - Rue Philippe II - Avenue de la Porte-Neuve - Rue Beaumont - Rue des Capucins - Grand-rue - Rue du Marché-aux-Herbes - Rue de l'Eau - Kathedral.
Nieft dem Äerzbëschof Mgr. Fernand Franck waren och nach vill aner héich Vertrieder vun der kathoulescher Kierch present: Mgr. Giacinto Berloco, Apostolischen Nuntius zu Lëtzebuerg, Mgr. Pierre Raffin, Bëschof vu Metz, Mgr. Miguel Irizar Campos, Bëschof vu Callao bei Lima am Peru, Mgr. Augustin Misago, Bëschof vu Gikongoro (Rwanda), Mgr. Leo Schwarz, ehem. Weihbëschof zu Tréier, Mgr. Heinz Janssen, ehem. Weihbëschof zu Münster, an den Dom Michel Jorrot O.S.B.,
Abt vu Klierf.
Natierlech war och déi groussherzoglech Famill vertrueden an och aus de Beräicher Politik a Gesellschaft hate sech vill bekannte Gesiichter afonnt. Och wéinst deem gudde Wieder ware vill Leit an der Stad - entweder fir selwer an der Prëssessioun matzegoen oder fir se sech vum Bord vun der Strooss aus unzekucken. Eisen Event-Fotograf, de René Scho vu Rëmeleng, hat sech ënnert si gemëscht. Hei seng Impressiounen.