Foto: Raymond Wagener, RTL Mobile Reporter via iPhone
Foto: Francis Molitor, RTL Mobile Reporter via iPhone
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Foto: Patrick Greis
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Péngschtdënschdeg gëtt zu Iechternach gesprongen: 2011 war e ganz besonnescht Joer fir d'Sprangprëssessioun, well am November 2010 am huet d'Unesco d'Iechternacher Sprangprëssessioun an d'Lëscht vun den immaterielle Weltkulturierwen agedroen.
Wéi all Joers waren och dëst Joer nees vill Leit zu Iechternach ënnerwee - fir ze pilgeren oder fir nozekucken. Ronn 12.000 hunn de Wee bei d'Graf vum Hellege Willibrord fonnt. Am Verglach zu zejoert, wou 11.139 Leit gezielt goufen, sinn dëst Joer 1.092 méi Participanten duerch d'Iechternacher Gaassen gesprongen.
Déi genee Zuelen:
Participanten 2011: 12.231 (2010: 11.139)
Pilger (bieden oder sangen): 1.192 (2010: 1.103)
Sprénger: 9.308 (2010: 8.409)
Musikanten: 1.645 (2010: 1.555)
Bëscheef, Äbt etc. a Begleedung: 86 (2010: 72)
Fotoen: Luc Marteling. Éischt fréi Andréck vum Péngschtdënschdeg vum Patrick Greis ganz um Wupp vun der Galerie.