Päischtcroisière 2017 - Grousse Fotoréckbléck mat den Highlights (15.6.17)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Hei e klengen Réckbléck vun der Päischtcroisière, aus den Aen vum Ketty a Rom Hankes:
Gestart si mer de. 4 Juni zu Lëtzebuerg a Richtung LeHavre. Zu LeHavre um Fluchhafen ware se liicht iwwerfuerdert mat deene ville Lëtzeburger, a well et esou waarm war, hu mir hinnen och nach d'Frigoen eidel gemaach. Dat huet mat sech bruecht, dass si hu missten d'Kelleren och eidel maachen, an do ass esou munch Requisit zum Virschäi komm... z.B. eng Fläsch Vittel déi den 12.2014 schonn ofgelaf war. Wéi mir dunn awer ageschefft haten, huet eise Kapitän Vollgas gi fir eise Retard opzehuelen, wat esou muncheree méindes am Mo gespuert huet. Deen een an anere war liicht blatzeg ronderëm d'Nues, well et nawell geschaukelt huet. Richtung Vigo ware mir ënnerwee, wou mir dann um Dënschdeg u Land gaange sinn. Mir hunn de Parque Monte del Castro besicht, mat 406 Trape bis ganz erop, wou een dann awer mat enger spektakulärer Vue op Vigo an den Hafe belount gouf.
Mëttwochs ware mir dunn zu Lissabon, wat eng super flott grouss Stad ass. Impressionnant war et, wou mir an den Hafen agelaf sinn, well tëscht de Päife vum Schëff an der Ponte de 25 Abril war et zimlech enk, an esou munchereen huet den Otem ugehal. Vill ze kucken, sief et ze Fouss oder wéi vill vun eise Lëtzebuerger, mir och, mam Tuk Tuk. Eng Stonn Tuk Tuk bierg op , bierg of, virun dem Tram, hannert dem Tram an et huet ee vill flott Ecker vun der Alstad Alfama gesinn. Vun de Kierchen zu den Aussiichtspunkte bei herrlechem Wieder, konnte mer schéin Kachelfassade bewonneren.
Donneschdes ware mir de ganzen Dag um Schëff, mä och do gouf et kengem langweileg. D'Kanner koumen am Aqua- a Kloterpark op hir Käschten. Déi méi kleng goufen animéiert an ënnerhal an déi Erwuessen hu sech beim Pool mat Cocktail a Live Musek och net gelangweilt.
Freides Mëttes hu mer zu Barcelona ugedockt. Wéi ëmmer war La Rambla schwaarz vu Leit. Mir sinn duerch Mercat de la Boqueira (Maarthalen) getrëppelt an hunn eis dat super Faarwespill ugekuckt. Do kritt een alles wat d'Häerz begiert. Vu Fleesch iwwer Fësch, zum Poulet iwwer d'Geméis an Uebst, Gewürzer, an alles wat ee soss nach an der Kiche ka gebrauchen. Dat war eng Plaz, wou et agreabel frësch war, well d'Sonn war de ganzen Dag um Rendez-Vous. Natierlech hu mir eis et och net huelen gelooss am Hard Rock Café eppes Killes ze drénken, iert mir eis esou lues duerch d'Leit gemaach hu Richtung Hafen, wou mir de Fausti mat senge klengen Troteren am Mond begéint hunn, während hien de Leit zougezwitchert huet. Mä och Lëtzebuerger, déi net um Schëff waren, hu mir begéint, sou z.B. d'Jugend vum FC 72 Ierpeldeng, déi do am Stage waren.
Samschdes stoung Marseille um Programm. Do ware mir da vir d’éischt Kéier, denken awer sécher net vir d'Lescht, och wann do vill Police an Zaldote mat de Maschinnegewierer ronderëm getrëppelt sinn an hier Aussiichtspunkten an hir Denkmaler beschützt hunn. Et huet eis net beonrouegt, et ass just einfach immens traureg, dass et néideg ass. Well d'Sonn eis do net am Stach gelooss huet, duechte mir eis, mir géingen een Tour mam Petit Train maachen a mir géingen d'Aussicht genéissen. Lass gefuer ass den Zichelche beim Alen Hafen, laanscht d'Corniche um Bord vum Mier, wou mer Fort Saint Jean, Fort Saint Nicolas, Palais du Pharo an d'Abtei vum Hellege Victor gesinn hunn. Bis erop op 162m héich si mer gefuer, fir d'Bonne Mère veille sur Marseille kucken ze goen. Grandios war d'Aussicht mat engem 360° Panorama vun der Stad Marseille, dee sech op alle Fall gelount huet.
Um fréien Owend ass et dunn op déi läscht Faart Richtung Genua gaangen. Sonndes, den 11. Juni moies géint 10 Auer hu mir samt eise Wallissen d'Schëff MSC Meraviglia verlooss. Eng flott Päischtcroisière huet hiert Enn fonnt, flott Stëmmung, super Leit, vill flott Bekanntschafte gemaach, fir Leif a Séil war beschtens gesuergt, keen ass hongereg oder duuschtereg vum Schëff gaangen. MSC Meraviglia ass Luxus pur, propper an d'Personal ass super frëndlech an ëmmer gutt gelaunt. Vir awer de Programm ze fëllen, si mir moies nach op Santa Margherita Ligure gefuer, e klengt Fëscherduerf 1 Stonn ewech vu Genua. Am Nomëtteg sollt awer och des Rees hiert Enn fannen an de Bus huet eis op de Fluchhafe gefuer, wou mir eis owes op d'Heemrees gemaach hunn. Vill flott Erfarungen, Erënnerungen a Bekanntschaften hu mir matbruecht. Alles an allem war et eng super Woch a jidderengem ze empfeelen, fir eng Päischtvakanz a gudder Gesellschaft ze verbréngen.
Hei nach e puer Date vum neie Schëff:
Baujoer: 2016
Laang: 315.80m
Breet : 43m
Gewiicht: 167.600 Tonnen
Kabinnen: 2244
Passagéier: 5714
Geschwindegkeet: 22 Kniet
Kameraen: 1200
Promenade duerch d’Schëff ass 96m laang an den LED Panoramadaach huet 480m2 .