Lecture vun heiheem4 nei Kannerbicher fir d'Rentrée

RTL Lëtzebuerg

Mat der Rentrée ass nees vill lass an de Bicherbutteker uechter d’Land. E Besuch an enger Librairie lount sech awer ëmmer, och wann ee schonn all Schoulbicher beieneen huet! D’Bea Kneip huet eng kleng Auswiel vun neie Kannerbicher fir Iech zesummegestallt.

Mat der Rentrée ass nees vill lass an de Bicherbutteker uechter d’Land. E Besuch an enger Librairie lount sech awer ëmmer, och wann ee schon all Schoulbicher beieneen huet! D’Bea Kneip huet eng kleng Auswiel vun neie Kannerbicher fir Iech zesummegestallt.

Hei nach eng Kéier déi 4 Kannerbicher déi d’Bea Kneip Iech haut virgestallt huet:

- „Bei den Olchis“ vum Erhard Dietl ass an den éditions Phi ze fannen.

- „Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg“ vum Romain Jeblick ass eng Kooperatioun tëscht den éditions Revue an der Editioun Friederich-Schmit.

- Och aus der Editioun Friederich-Schmit kënnt „Ein Freund wie ich“ vun der Narda Leon.

- An „De Laachmännchen“ vun der Manon Della Siega mat Illustratioune vun der Eglantine Denis ass bei den Editions Schortgen doheem.

Back to Top
CIM LOGO