Entféierung, Spiounen a kale KrichDen Tintin mat Bretellen an den Tournesol op Lëtzebuergesch

Gerard Floener
"L’affaire Tournesol" ass an zwou Versiounen nei an de Librairien. D'Versioun aus dem Journal Tintin an e Sammlerstéck, dat laang vergraff war.
D'Coverbiller vun der Réeditioun vum Album "D'Affär Ditchen" an der Journal Tintin Versioun vun der "Affaire Tournesol"
Wéi vill Ënnerscheeder fannt Dir tëscht deenen zwou Versiounen?
© Hergé / Tintinimaginatio - 2026

Déi lescht Woch hat den Tintin eng duebel Aktualitéit, déi och ee Lien mat Lëtzebuerg huet. Et geet ëm den Album "L'affaire Tournesol"

Déi alleréischt Versioun där Geschicht ass am Journal Tintin tëscht Dezember 1954 a Februar 1956 erauskomm, also virun eppes méi ewéi 70 Joer. Si erzielt d'Geschicht wéi de Professer Tournesol entfouert gouf, well eng wichteg Erfindung vun enger friemer Muecht als Waff soll mëssbraucht ginn. An do ronderëm gëtt et ee Konflikt tëscht de fiktive Länner Syldavien a Bordurien. Den Tintin an den Haddock maache sech op d'Sich, fir hire Frënd aus der Hand vun den Entféierer ze befreien.

Präzisen historesche Kontext: De kale Krich

Et war och déi éischt Geschicht, déi den Hergé a sengen nei gegrënnte Studios Hergé realiséiert huet, wou him eng Partie Kolleege bei den Dekoren a Faarwe gehollef hunn. Den Hergé huet vill vu senge Geschichten nach eemol nei gezeechent an dobäi eng sëllegen Detailer geännert.

An dëser neier Versioun gëtt elo d'Geschicht, wéi se am Journal Tintin dra war presentéiert an net déi klassesch Albumversioun. Een Detail, deen direkt um Cover vum Album opfält: Den Tintin huet Bretellen un an net seng typesch Golfer-Box. A fir déi lescht 20 Säite vum Album ze liesen, muss een d'Buch dréien, well déi am italieenesche Format presentéiert sinn. Dat war ee Format, dat am breede Wee war, dofir net esou héich. Ee Format, wéi déi Zäit eng ganz Partie Bande Dessinéeën an hire respektiven Zäitschrëfte publizéiert gi sinn.

D'Affaire Tournesol war viru bal 40 Joer deen éischten Tintin op Lëtzebuergesch

An dat Buch, grad ewéi déi aner Lëtzebuergesch Tintin-Bicher, war laang vergraff, an ee Sammlerstéck. D'Editions Ernster hunn d'Affär Ditchen - well den Tournesol op Lëtzebuergesch Ditchen heescht - nei erausbruecht. Hei ass déi klassesch Albumversioun d'Basis, net d'Versioun aus dem Journal Tintin. D'Iwwersetzung ass vum Lex Roth, an déi ass och fir déi nei Editioun vun der Affär Ditchen bäigehale ginn, fir bewosst de Charme an d'Nostalgie vun där éischter Lëtzebuerger Tintin Versioun bäizehalen.

Een Highlight a béide Versiounen ass d'Zeen, an där den Haddock ugestouss gëtt, an um Capot vum Auto de Chauffeur Schëmmel a Bless vernennt. Dat ass an der Originalversioun schonn eng Freed, mä an der Lëtzebuerger Versioun léiert een do nach eng Partie Wierder, déi ee bei Geleeënheet déi nächste Kéier, wann een d'Virfaart geholl kritt, ka lassginn.


Technesch Detailer:

Titel: L'Affaire Tournesol
Sprooch: Franséisch
Säiten: 96 (mat Dossier)
Präiss: 19,50 €
ISBN: 978-2-203-31490-0
Editeur: Casterman

Titel: D'Affär Ditchen
Sprooch: Lëtzebuergesch
Säiten: 64
Präiss: 15,00 €
ISBN: 978-2-919892-72-3
Editeur: Editions Ernster

Back to Top
CIM LOGO