En Huncherenger Jong, dee säi Liewe geaffert huet"Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet 1924-1944"

Bea Kneip
D'Gemeng Beetebuerg éiert mat dësem Buch e jonke Mann, deem säi Courage onvergiess ass. Den Ado Rinnen huet sech scho mat 17 Joer an der Resistenz engagéiert.
© Gemeng Beetebuerg

Eng ganz idyllesch Zeen mécht den Ufank vun dëser Episod vun eiser Lecture vun heiheem. De Pit Hoerold liest en Text, deen hie fir d’Buch Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet geschriwwen huet. E Jong, dee fësche geet, sech op d’grouss Vakanz freet an dobäi vu senger Zukunft dreemt. Wat kéint e méi Schéines ginn?

Den Ado Rinnen a seng Mamm, ugangs der 1930er Joren
Den Ado Rinnen a seng Mamm, ugangs der 1930er Joren
© Famill Rinnen

En Idyll, dat ganz abrupt en Enn fënnt. Den Ado Rinnen huet 16 Joer, wéi den zweete Weltkrich ugeet, mat grad emol 17 Joer engagéiert en sech an der Resistenz. E jonkt Liewen, dat op d’Kopp gehäit gëtt, an dat no 20 Joer schonn eriwwer ass. Awer de Jong vun Hunchereng ass net vergiess: d’Gemeng Beetebuerg huet him mat dësem Buch e Denkmal gesat. Am Interview erzielt den Auteur Pit Hoerold, firwat et him perséinlech esou wichteg war, fir dem Ado Rinnen seng Geschicht z’erzielen.   

Mat dësem Buch éiert d'Gemeng Beetebuerg de Resistenzler Ado Rinnen deen 1944 vun den Nazien higeriicht gouf

De Pit Hoerold huet dem Ado Rinnen säi Liewen an dësem Buch noerzielt
De Pit Hoerold huet dem Ado Rinnen säi Liewen an dësem Buch noerzielt
© RTL/Bea Kneip

Back to Top
CIM LOGO