
Do kann et engem kal de Réck eroflafen!
Albdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band, déi am Edinburgh vun den 1830er Jore Läiche klaut, eng Serie vu mysteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror", esou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer räicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
"Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang
"Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm.
Am meeschte gelies