
An de Power Club kommen nëmmen déi Gutt, dësen Elite-Club hëlt Jongen a Meedercher tëscht 17 a 25 op, déi aus räichem Haus kommen. Aus hinne ginn iwwer eng nanotechnesch Method Superhelden, déi dat Béist solle bekämpfen. De franséischen Auteur a Realisateur Alain Gagnol, dee mam Animatiounsfilm “Une vie de chat” och schonn eng Oscar-Nominatioun an der Täsch huet, lancéiert mat “Power Club” eng Trilogie vu spannende Romaner, déi sech vrun allem u jonk Lieser vun 13 Joer u riichten.
D’Anna Granville lieft am Joer 2038 zu Paräis a kënnt aus räichem Haus. Fir hire 17te Gebuertsdag schenken hir Elteren hir d’Memberschaft am Power Club, e Club, dee säi Sëtz zu New York huet. Et ass quasi eng Elite-Schoul fir Superhelden. D’Anna Granvill ass, wéi all hir Schoulkollegen, begeeschtert. Zum Power Club gehéieren just emol aacht Superhelden, deenen hir Aventuren d’ganz Welt iwwer Internet an och soss an de Medien verfollegt. Si sinn esou bekannt wéi Hollywoodstaren a gëllen als Virbild fir déi Jugendlech op der ganzer Welt.
Wien am Power Club opgeholl gëtt, dee muss net nëmmen eng Rei kniwweleg Kontrakter ënnerschreiwen, mä dee kritt vrun allem iwwermënschlech Kräften. Iwwer eng Operatioun kritt d’Anna Boosteren an hire Kierper implantéiert, kleng, wibbeleg Organismen, déi Superkräften ausléisen. D’Anna ka vun elo u fléien, ka mat einfache Bewegungen bei Gewaltmomenter agräifen ka quasi net blesséiert ginn, net duerch kierperlech Gewalt an net duerch Waffen. No engem intensiven Training gëtt si der Welt dann als neie Member vun de Superhelden virgestallt. Och wann et am Eed, deen d’Anna muss ofleeën, heescht “Je jure de mettre l’usage de mes superpouvoirs au service du bien et de la vérité”, mierkt dat jonkt Meedchen ganz séier, datt hannert der Fassad vum Power Club net alles sou gutt a wouer ass, wéi ee vu bausse mengt.
Bal méi wichteg schéngt der strenger Directrice Elisabeth Forster, datt d’Memberen sech u streng Reegelen halen a Sponsorverträg ënnerschreiwen fir fir Moud- a Kosmetikfirme Pub ze maachen. Hir aacht Superhelden-Kollegen, déi d’Anna virdrun sou bewonnert huet, sinn dann och éischter u Partyen intresséiert, wéi u permanentem Asaz géint dat Béist.
Duerch Zoufall kréien d’Anna an hir Frëndin Lisa, déi op Besuch ass, mat, datt ee vun de Superhelden dout ass. Nobausse gëtt vun trageschem Accident geschwat, mä den Jason ass ëmbruecht ginn. Och en anere Superheld mécht dem Power Club Suergen, de Matthew, dee refuséiert hat, sech seng Boosteren, wéi am Kontrakt virgesinn, mat 25 Joer nees erausoperéieren ze loossen. Duerch hie kritt d’Anna Kontakt zu engem jonke Journalist, dee scho laang Recherchë mécht fir d’Methode vum Power Club opzedecken a besonnesch och fir d’Affer vun den dacks brutalen Asätz vun den Helden z’entschiedegen.
“Power Club - l’apprentissage” ass e Buch fir e jonke Publikum a wéi ech mer d’Buch ugekuckt hunn, duecht ech, do liest de mol séier derduerch. Séier war ech schonn, well d’Sprooch och direkt an onkomplizéiert ass, mä ech hunn déi knapp 500 Säiten awer mat Interêt opgeholl. Den Alain Gagnol huet e gudde Stil a vrun allem eng kloer Aart a Weis fir den Univers, deen e kreéiert huet, ze beschreiwen. Do hëlleft et sécher, datt hien och Zeenarist ass. Ech denke schonn, datt Power Club iwwer kuerz oder laang eemol e Film gëtt. Mat Suiten! Well den zweeten Deel “Ondes de choc” ass schonn um Bichermarché an den drëtten Deel fir 2018 ugekënnegt.
Sécher Bicher, déi déi Jonk, déi sech jo mam Franséischen dacks schwéier dinn, kënne begeeschteren.