Buch vun der WochAngstmörder

RTL Lëtzebuerg
De Lorenz Stassen huet sech als Auteur vun Dréibicher fir Serie wéi "Alarm für Cobra 11" an "Soko Köln" en Numm gemaach.

Mat “Angstmörder” huet en elo och säin éischte Krimi geschriwwen, e Krimi wou et wéi sou dacks ëm e Serial Killer geet. Dass et sech bei dësem Seriemäerder awer ëm ee vun där ganz besonnescher Zort handelt, seet eis elo de Lucien Czuga.

De Lorenz Stassen huet sech als Auteur vun Dréibicher fir Serie wéi “Alarm für Cobra 11" an “Soko Köln” en Numm gemaach. Mat “Angstmörder” huet en elo och säin éischte Krimi geschriwwen, e Krimi wou et wéi sou dacks ëm e Serial Killer geet. Dass et sech bei dësem Seriemäerder awer ëm ee vun där ganz besonnescher Zort handelt, seet eis elo de Lucien Czuga.

Den Nicholas Meller ass Affekot zu Köln. Bis elo hat e just e puer kleng Fësch als Clienten, mä och déi eng oder aner louche Gestalt aus dem Milieu huet hien erfollegräich viru Geriicht vertrueden. Mä elo kritt hien et fir d’éischt mat engem richteg interessante Fall ze dinn : engem Mord. Säi Client soll seng Fra ëmbruecht an se am Bësch begruewen hunn, do wou ausgerechent ee vu senge beschte Frënn se mat Hëllef vun engem Juegdhond erëmfonnt huet.

No sengem éischte Besuch am Prisong ass den Nicholas esou vun der Onschold vun sengem Mandant iwwerzeegt, dass hie sech zesumme mat senger neier jonker Referendarin Nina op d’Sich no Beweiser fir deem seng Onschold mécht. A bei hire Recherchen stoussen si séier op aner Mordfäll, an deene Männer hir Frae sollen ëmbruecht hunn a vehement behaapten onschëlleg ze sinn, a wou d’Beweiser fir hir Schold esou perfekt sinn, dass et scho bal suspekt ass. A lues a lues gëtt et deenen zwee kloer : si sinn engem extrem clevere Seriemäerder op der Spur.

“Angstmörder” ass kee vun deene gewéinleche Krimien, wou et ëm Seriekiller geet. An dësem Fall hu mer et mat engem Seriemäerder ze dinn, deen eppes virun allem net wëll : als Seriemäerder erkannt ze ginn. Meeschtens ass et jo esou, dass esou e Kriminellen et genéisst, an der Ëffentlechkeet ze stoen, d’Police un der Nues erëm ze féieren an iwwerall Angscht ze verbreeden. An dësem Fall ass et genee ëmgedréint : aus elauter Angscht, entdeckt ze ginn, leet hie scho laang am Virfeld Spueren, fir dass d’Männer vun deene Fraen, déi hien ëmbréngt, zwangsleefeg als där hir Mäerder do stinn! Wéi den Nicholas an d’Nina dat erausfannen, geroden si awer selwer an d’Viséier vum Killer.

Mat “Angstmörder” huet de Lorenz Stassen en iwwerduerchschnëttleche Seriemäerderkrimi geschriwwen, dee sech ausserdeem vun deem gängege Schema duerch eng Protagonistekoppel ënnerscheet, déi engem reegelrecht un d’Häerz wiisst : den Nicholas, deen an dësem Liewen e bësse verluerenen Affekot, deen niewebäi an enger Futtballequipe mat nëmme Losere spillt, an dat flott Nina, deem säi rietsen Aarm vu Gebuert aus verkrëppelt ass, mä dat trotzdem als staark Fra duerch d’Liewe geet. An et géif mech wonneren, wann “Angstmörder” net deen éischten a leschte Fall wär, wou mer déi zwee zesummen erliewt hätten.

“Angstmörder” ass op Däitsch bei Heyne erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO