Nei um BichermaartBacken in der Winterzeit

RTL Lëtzebuerg
Als Food-Bloggerin, Buchauteur an aus der Kachemissioun op der däitscher Tëlee ARD-Buffet ass d'Theresa Baumgärtner bekannt.
© Christian Schmit

Food-Bloggerin Theresa Baumgärtner / Rep. Christian Schmit

Hiert 4. Buch ass elo just erauskomm. Op der Tournée fir et ze presentéieren, signéieren an doraus ze baken hat de Christian Schmit Theresa Baumgärtner dëser Deeg begleet.

Theresa Baumgärtner war zu Réimech an enger grousser Quincaillerie. Hei wousst d’Theresa Baumgärtner de Public mat hirem “Äppel Crumble a salzeger Karamellzooss” ze begeeschteren. E Rezept aus deem neie Buch “Backen in der Winterzeit”.

Zënter 2013 wunnt déi gebierteg Nordfrieslännerin zu Lëtzebuerg. D’Léift huet si heihinner gezunn.

Kompliment och fir esou gutt Lëtzebuergesch ze schwätzen no kuerzer Zäit. Regelméisseg ass si elo op der däitscher Tëlee beim ARD-Buffet mëttes um 12.15 Auer ze gesinn. Den Apel fält net wäit vum Bam, well hir Mamm schafft fir den NDR.

“Backen in der Winterzeit”, dat sinn eng Hellewull u Rezepter an do ass bestëmmt och eppes fir d’Feierdeeg dobäi.

“Backen in der Winterzeit”, ass am Branstätter Verlag erauskomm zum Präis vun 29.90 Euro.

FOTOGALERIE: Andréck vum Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO