
Déi amerikanesch Schëftstellerin Kathy Reichs huet jorelaang als forensesch Anthropologin geschafft. Ënner anerem war si un den Ënnersichunge vu Massegriewer am Ruanda an am Guatemala bedeelegt a si huet och gehollef bei den Identifikatiounen no 9/11.
Bekannt ginn ass d’Kathy Reichs durch hir “Bones-Serie": zënter 1997 sinn 19 Bänn mat der Haaptprotagonistin Temperance Brennan erauskomm. Vun 2005 un, kënne mer hir Fäll och op der Tëlee verfollegen.
An hirem leschte Buch “Blutschatten” presentéiert d’Autorin eis lo ganz nei Akteuren.
Deene meeschte vun eis ass d’Temperance Brennan zanter Joren e Begrëff, souwuel duerch der Kathy Reichs hir Bicher, wéi och duerch d’Serie op der Tëlee. Hei léiere mir lo eng aner Haaptprotagonistin kennen: d’Sunday Night. A sou speziell wéi hire Numm, ass och de ganze Personnage. Mir ginn am Ufank net allze vill gewuer iwwert si, vun Zäit zu Zäit komme ganz mysteriéis Réckblenden, déi een als Lieser net sou direkt getässelt kritt. Wat mir wëssen ass, dass d’Sunday keng einfach Kandheet hat. Spéider ass si mat an den Asaz an den Afghanistan gaang, an duerno bei d‘ Police. An et ass dann och an deem Kontext, wou si hei sollicitéiert gëtt: d’Sunday gëtt engagéiert, e jonkt Meedchen erëm ze fannen, wat no engem terroristeschen Attentat verschwonnen ass. Mä lieft dat Stella iwwerhaapt nach? An ass d’Sunday, déi selwer nach un hirem heftegen Kandheetstrauma ze knaen huet, dee richtege Mënsch fir sou eng Enquête? Op alle Fall lancéiert si sech voll Elan an déi Sich, ëmmer gedriwwe vun eegenen Ängschten a ale Scholdgefiller. Ënnerstëtzt a gehalen gëtt si vun engem vertraute Partner, iwwer dee mer och eréischt am zweeten Ulaf méi Detailer kréien. Zesummen maache si hir Recherchen, vill am Internet, awer och queesch duerch eng Rei amerikanesch Staaten. Si begéinen geféierlechen a fanateschen Leit, ginn dobäi och konfrontéiert mat hirer eegener Vergaangenheet a komme Schrëtt fir Schrëtt deene méi no, déi responsabel fir d’Terrorattacke sinn. Mä féiert hire Wee si och bei d’Stella??
Ech sinn e Fan vun der Kathy Reichs hirer Temperance Brennan. Dat ass e Personnage, dee mir duerch déi vill Bicher richteg gutt gefält: professionell ganz engagéiert a qualifizéiert, privat ironesch bis sarkastesch, mat Raum fir emotionell Verstréckungen,…
Bei enger Sunday Night unzebäissen, ass net ganz sou einfach. Am Ufank wosst ech net, wéi sympathesch si mir eigentlech wär, villes wat si ugeet ass ganz diffus an iergendwéi bedrolech. Glécklecherweis huet si dann awer och eng gutt Portioun Ironie a schwaarzen Humor, geet hir Ängschten un a gëtt sech net, wann si enger Spur nogoe kann. Déi kuerz Sätz, d’Cliffhanger um Schluss vun de Kapitelen halen d’Spannung héich an d‘Thema vum Terrorismus a Fanatismus vun alle Borden ass haut jo méi aktuell wéi jee.
Awer méi intressant wéi all hir Verfolgungsjuegten, Internetrecherchen a ,Beschattungen‘, ass fir mech der Sunday hir Konfrontatioun mat hirer eegener haarder Vergaangenheet, e spannende Prozess, deen dem Lieser de Personnage méi zougänglech mécht. Domat wäerte mer an deen nächste Band, dee schonn an der Preparatioun ass, bestëmmt méi liicht era kommen.