Buch vun der WochDaniel Cole: Ragdoll

RTL Lëtzebuerg
Mam éischte Roman direkt e Weltsuccès feieren, dovunner dreemt wuel all Auteur. Dem Englänner Daniel Cole, Joergang 1984, ass dat mat "Ragdoll" gegléckt.

Éier hie sech un d’Schreiwe ginn huet, war en ë.a. Sanitäter an Déiereschützer. Den Daniel Cole lieft zu Bournemouth a wann en net grad beim Mier ass, schafft hien un sengem zweete Buch.
RAGDOLL ass säin éischte Roman, e Thriller, deen direkt an 34 Länner verkaf gouf, och d’Filmrechter si scho verginn. Déi däitsch Versioun koum bei Ullstein eraus.

An enger verloossener Wunneng baumelt eng Läich vum Plafong. Dat eleng ass jo schonn net alldeeglech, mä wéi d’Ermëttler méi no kommen, gesi si, wéi spektakulär déi Zeen wierklech arrangéiert ass: net ee Mënsch hänkt do, mä een aus 6 Leit zesummegebastelte, groteske Kierper.
Éischt Fro: wie gouf do alles ëmbruecht? A nach méi wichteg: vu wiem?
Zimlech séier fënnt d’Ermëttlerteam konkret Spuren, déi op e Mordprozess vu viru véier Joer hiweisen. Deemools huet e Serienmäerder misse fräigesprach ginn, well him seng Doten net mat leschter Sécherheet ze beweise waren. An elo ass et säi Kapp, deen an dem Patchworkkierper «verschafft» gouf.
De Wolf, deen Detectiv, dee sech beim Prozess vehement gewiert hat, dass d’Geriicht de Mäerder lafe gelooss huet, ass méi wéi motivéiert. Mat sengem engagéierten Team sicht hien no der Identitéit vun deenen anere fënnef Affer an no enger Verbindung tëscht hinnen, fir sou dem Motiv an dem Täter méi no ze kommen.
A wéi wann d’Ermëttler domat net scho genuch ze dinn hätten, daucht och nach eng Lëscht op: 6 Nimm mat jeeweilegem Doudesdatum; an dat an deenen nächste 14 Deeg! D’Police setzt opwendeg Moossnamen op d’Been, fir déi Leit ze fannen an ze protegéieren, mä iergendwéi ass de Mäerder hinnen ëmmer e Schrëtt viraus…

Op bal 500 Säite kréie mer am RAGDOLL masseg Läiche presentéiert, eng «Hiriichtung» méi spektakulär wéi di aner (bei Asthmaspray mat Brandbeschleuniger ass et definitiv net ugesot, eng Zigarett unzefänken!!)
An och d’Ermëttler si net vum langweilege Modell, total verschidden an hire Motiver an Aarbechtsweisen, awer all bereet, un hir Grenzen, an driwwer eraus, ze goen.
Hir Géigespiller sinn extrem intelligent, perfekt organiséiert, ouni Skrupel a perfid an hiren Attacken.
Eng wichteg Roll spillt och d’Press. Do gëtt kräfteg matgemëscht an d’Story sou räisseresch verkaaft wéi nëmme méiglech. Wat méi Blutt an Doudeger, wat besser; am léifsten e Mord viru lafender Kamera!
Wéi Dir gesitt, d’Spannung a RAGDOLL léisst näischt ze wënschen iwwreg, vläicht si souguer eng Grëtz ze vill Läichen ënnerwee. An ausser dass ee sech beim Daniel Cole sengem rasanten Tempo ganz sécher net langweilt, sinn et awer och e puer méi déif Iwwerleeunge vun den Haaptprotagonisten, déi ech ganz intressant, wann och diskutabel, fonnt hunn. Wann de Wolf reflektéiert iwwer Recht a Gerechtegkeet, oder seet «zum Schluss wird dir klar, dass es keine ‘Guten’ gibt. Es gibt nur solche, die einfach noch nicht weit genug in die Enge getrieben wurden»…

Liest an urteelt selwer.

Buch vun der Woch: Ragdoll vum Daniel Cole

Back to Top
CIM LOGO