Buch vun der Woch"Dark Matter" vum Blake Crouch

RTL Lëtzebuerg
De Science-Fiction Roman Dark Matter vum Blake Crouch erzielt d´Geschicht vun engem Physiksproff, deen entfouert gëtt an an engem anere Liewen erwächt.

Dat ass awer net iergend en anert Liewen, mä säin eegent. An zwar esou, wéi et verlaf wier, wann hie sech ee Moment anescht decidéiert hätt.
Den Haaptcharakter vun Dark Matter, den Jason Desson, ass keen onzefriddene Mann. Um Enn vu sengen 20er huet hien eng Fra kennegeléiert a krut kuerz drop mat hier e Kand. Well d´Kand awer am Ufank vill krank war, huet hie sech decidéiert seng Zukunft an der Wëssenschaft opzeginn a fir seng Fra a säi Kand do ze sinn. Hien huet do eng Aarbecht op enger mëttelméisseger Uni als Physikproff ugeholl a war zanter deem mat sengem Liewen relativ zefridden. Natierlech, wéi wuel all anere Mënsch och, huet hie sech alt heiansdo d´Fro gestallt, wat gewiescht wier, wann e wieder gefuerscht hätt.

Wou hien do een Owend um Wee fir heem ass a sech genee di Fro stellt, gëtt hie vun engem Onbekannten entfuert, kritt eng op den Deckel an erwächt an engem Labo, wou onbekannt Leit begeeschtert klappen a frou sinn, datt hien nees do ass. Den Jason, dee natierlech vu näischt eng Ahnung huet, setzt do a freet sech, wat der Däiwel dann nëmme lass ass.

Wann e bis aus dem Labo eraus ass, fënnt en och eraus, datt näischt esou ass, wéi hien et kennt. Säin Haus ass modern an deier ageriicht, seng Fra ass net seng Fra a säi Bouf ass, wéi et schéngt, ni op d´Welt komm. Hien dogéint ass e weltberühmte Wëssenschaftler, dee fir seng Projeten onbegrenzten Mëttelen zur Verfügung gestallt krut an dat areecht huet, wat jiddereen fir onméiglech gehalen huet.

Mä wéi eng Welt ass dann elo déi richteg? Déi do oder déi, déi hien mengt ze kennen? Ass en de Patient vu Shutter Island oder ass en tatsächlech deen, deen an eng aner, parallel Realitéit gehäit ginn ass? An och wann, déi Realitéit, déi hie mengt ze kennen, déi richteg wier, wéi kann hien de Wee dohinner zréck fannen?

D´Äntwerten op déi Fro fënnt den Jason op enger laanger, erstaunlecher Rees, op där hien net nëmme richteg Feinden bekämpfe muss, mä och eng Persoun virun där wuel all Mënsch déi meeschten Angscht huet an déi wuel de stäerksten Antagonist duerstellt: sech selwer. Hie muss op der Rees déi donkelst Aspekter vu senger eegener Perséinlechkeet iwwerwannen, fir bei d´Wourecht ze kommen.

Dark Matter ass eng gutt duerchduechte, spannend Science-Fiction Geschicht, bei där zum Schluss all d´Froen, déi ee sech beim Liesen esou gestallt huet, beäntwert ginn, obwuel dach déi eng oder Wendung relativ offensichtlech ass. Et ass awer och e komeschen an dach zur gläicher Zäit intimen Thriller iwwert mënschlech Decisiounen, iwwert Weeër, déi een net ageschloen huet an eng Geschicht doriwwer, wéi wäit e Mënsch gewellt wier ze goen, fir dat Liewen ze hunn, wat e wierklech well. Fir Leit, déi sech gär an eng aner Welt goe loossen an dobäi grondleeënd mënschlech Wäerter betruechten, e Roman, deen op jiddefalls ze recommandéieren ass.

Fir Leit, déi sech d´Fro stellen, wéi hiert Liewe wuel verlaf wier, wa se zu engem gewëssene Moment en anere Wee ageschloen hätten, dierft eist Buch vun der Woch déi Kéier en intressante Choix sinn. De Science-Fiction Roman Dark Matter vum Blake Crouch erzielt d´Geschicht vun engem gewéinleche Physikproff, dee vun engem Onbekannten entfuert gëtt an an engem aneren Liewen erwächt. Dat ass awer net iergend en anert Liewen, mä säin eegent. An zwar esou, wéi et verlaf wier, wann hie sech ee Moment anescht decidéiert hätt. D´Katarina Ivesic seet eis méi dozou.

Back to Top
CIM LOGO