Papp vun der TigerenteDe Janosch ass mat 95 Joer gestuerwen

Tom Nols
De Schrëftsteller an Illustrator, dee mat richtegem Numm Horst Eckert geheescht huet, ass op Teneriffa gestuerwen, sou säin Editeur.
Dem Janosch säi richtegen Numm war Horst Eckert.
Dem Janosch säi richtegen Numm war Horst Eckert.
© HERBERT NEUBAUER/APA-Images via AFP

De Schrëftsteller an Illustrator Janosch ass dout. Hien ass en Dënschdeg am Alter vu 95 Joer op Teneriffa gestuerwen, sou säin Editeur Bernhard Feil zu Tübingen.

Mat Bicher wéi "Oh, wie schön ist Panama" huet de Kënschtler zanter den 1970er Jore Kanner an aller Welt begeeschtert. Op Lëtzebuergesch war d'Buch ënnert dem Titel "Oh, wéi ass Panama sou schéin" vum Georges Hausemer iwwersat ginn.

Ënnert dem Titel "Oh. wéi ass Panama esou schéin", huet de Georges Hausemer eent vun de bekanntste Janosch-Wierker op Lëtzebuergesch iwwersat.
Ënnert dem Titel "Oh. wéi ass Panama esou schéin", huet de Georges Hausemer eent vun de bekanntste Janosch-Wierker op Lëtzebuergesch iwwersat.
© Capybara Books

Seng Wierker sinn an iwwer 40 Sproochen erauskomm.

Säi groussen Duerchbroch hat de Janosch 1978 mat de Geschichten iwwer den Tiger an de Bär. Den däitschen Auteur huet iwwer 150 Bicher fir Kanner an och Erwuessener geschriwwen, an donieft och gezeechent.

Back to Top
CIM LOGO