Lëtzebuerger Geschichten"Et wor emol..." – eng Serie op RTL, elo och op Pabeier

Monique Kater
Um RTL Play kann ee se kucken: eng 120 Episoden, an deenen de Journalist Marc Thoma ganz speziell Kapitelen oder Personnagen aus der Lëtzebuerger Geschicht opgeschafft huet. Déi éischt 10 huet den Auteur elo och op Pabeier bruecht: am Band 1 mam Titel "Et wor emol zu Lëtzebuerg".
De Cover vun "Et wor emol zu Lëtzebuerg. Mënschen an Tatsaachen aus der Stad" vum Marc Thoma
De Cover vun "Et wor emol zu Lëtzebuerg. Mënschen an Tatsaachen aus der Stad" vum Marc Thoma
© RTL Grafik

En Eremit aus dem Gréngewald, de Brudder vun enger Zarin, d'Hexen an hire Stater Prisong

Alles wat hei gezielt gëtt, gouf et wierklech, seet de Marc Thoma, deen an enge sëllege Schrëften, neier an där ganz aler, hin an hier gebliedert a gelies huet a bei erstaunleche Faiten an apaarten oder gelungene Personnagen gelant ass, déi e Lien mat eiser Stad oder eisem Land haten.

Brutal Wikinger an e Prënz mat enger weltberüümter Schwëster

Wousst dir zum Beispill, dass déi wëll Wikinger sech hei op eiser Musel beholl hu wéi d'Schwäin? Ëm 800 ware se zu Tréier an hunn do alles kuerz a kleng geschloen, erzielt den Auteur. Eiser Säit vun der Musel goung et net besser. Gréiwemaacher erof bis op Réimech hu se d'Leit fäerte gedoen an esouguer nach e Stéck eran an d'Land.

Oder wousst dir, dass am Gronn en Adelege gelount hat, duerch deen déi geopolitesch Landkaart anescht gezeechent wier, wier seng Schwëster Katharina die Grosse haut nach d'Zarin vu Russland?

Am Biisserwee hannert dem Scott's Pub, hätte widder dem Fiels Gebaier gestanen an deenen den däitsche Prënz Friedrich-August von Anhalt-Zerbst gewunnt huet.

Am Buch vum Marc Thoma gesait ee wéi et deemools wuel beim Fiels, op deem haut d'Rhum steet, ausgesinn huet.

De Brudder vun der Zarin Katharina die Grosse war vun 1780 bis 93 zu Lëtzebuerg am Exil a läit um Nekloskierfecht begruewen.

"Et wor emol zu Lëtzebuerg": En éischten Deel mat 10 Kapitelen

Historesch Tatsaachen, keng Fiktioun – jo, och d'Lëtzebuerger hunn an onbequeeme Männer a Fraen, Hexen an Hexemeeschter gesinn. Si goufen an d'Dräi-Tier, d'Hexentier agespaart, an hunn, wa se net verbrannt goufen, d'Folter vläit esou just iwwerlieft.

Aus dem "Henkerbuch" vum Tony Jungblut aus dem Joer 1953 huet de Marc Thoma, Detailer iwwer Fraen, déi an den Dräi-Tier am Prisong souzen. Am Ganze wieren hei bei eis bis zu 3.000 Fraen a Männer Affer vun Hexen- an Hexer-Prozesser ginn.

An der Geschicht vun eisem Land spillt och e Schetzel, den Eremit, eng Roll. Hie krut mat senger Grott esouguer vun enger Grande-Duchesse extra Opmierksamkeet.

10 Kapitelen, déi éischt vun 120, stinn also elo mol am Band. Ganz vir dann: e QR-Code, fir bei d'Biller ze kommen, déi haut nach op RTL lafen.

Et wor emol zu Lëtzebuerg – eng aner Approche wéi gewinnt op eis Vergaangenheet an hir bosseg Gesellen.

Déi eng oder aner vun dësen historesche Faiten haten och eng Plaz an eiser Serie iwwer dat "Spirituellt Lëtzebuerg", déi mer iech op Allerhellegen nach emol weisen, an engem RTL Spezial e Sonndeg virum Journal um 19 Auer.  

Back to Top
CIM LOGO