Walfer Bicherdeeg 2026D'Shortlëschte fir de Lëtzebuerger Buchpräis goufe virgestallt

RTL Lëtzebuerg
Den 21. an den 22 November gëtt zu Walfer nees d'Buch gefeiert. Am Virfeld vun deem grousse Buchfest gëtt och de Lëtzebuerger Buchpräis verginn, um Donneschdeg goufen op enger Pressekonferenz d'Shortlëschten an deenen dräi Kategorië virgestallt.
© Fédération des éditeurs Luxembourgeois

D'Walfer Bicherdeeg 2026 stinn ënnert dem Motto "Oppen Oueren". Den 21. an 22.November kann een zu Walfer nees duerch d'Hale flanéieren, sech déi neiste Parutioune vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren ukucken, gebrauchte Bicher um beléifte Bicher-Okkasiounsmaart kafen oder an der Hal "Books for Kids" flott Bicher fir déi klengste Lieser fannen.

Mä och schonn am Virfeld vun de Bicherdeeg hu se sech zu Walfer eppes afale gelooss. E besonneschen Highlight ass de Freideg 20.November d'Liesung vun der däitscher Bestsellerautorin Caroline Wahl, déi och scho bal ausgebucht ass!

Den 19.November ginn d'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis bekannt gemaach. Nieft dem Buchpräis u sech gëtt och e Publikumspräis verginn an do kënnt Dir och e Wiertche matschwätzen! De Link fir ofzestëmmen, fannt Dir ënnen op der Säit. An deenen dräi Kategorie stinn all Kéiers fënnef Bicher op der Shortlëscht. Hei si se:

Kannerbuch:
“Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens” Roland Meyer (éditions Guy Binsfeld)
“Allerhand! Frosch und Fant” Bernd Marcel Gonner a Charlier Thill (FGIL)
“D’Sasha an de Flint – wou ass d’Mila?” Sandra Martins (Editions Schortgen)
“D’Problemsbourse” Lynn Berchem a Carlo Schneider (FGIL)
“A wat dréis du an dengem Rucksak?” Vukasinovic, Merkes a Martins (Inklusina ASBL)

Literatur:
“Spawecken” vum Jemp Schuster (Kremart édition)
“Angstvoll und leicht sehnsüchtig” Braslavsky, François, Kümmel a Van Wyl (Hydre éditions)
“Enfanter une étoile qui danse” Amélie Vrla (Hydre éditions)
“Toujours jamais” Joseph Kayser (éditions Guy Binsfeld)
“De Léiw gëtt rout” Jean-Paul Maes (Kremart édition)

Sachbuch:
“Temps de Trajet” Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)
“”Indésirables” aus Übersee” Julia Harnoncourt (capybarabooks)
“Halldor Laxness” Alexis Werné (éditions Phi)
“Vive d’Republik!” Claude Frentz (éditions Phi)
“Les Dîners de Gaïa” Corina Ciocârlie (capybarabooks)

Hei kënnt Dir ofstëmmen

Back to Top
CIM LOGO