Nei um BichermaartDe Willi Weekelchen

RTL Lëtzebuerg
Vum Simone Bleser an Tammy Faires-Back.

Kenns du de Willi Weekelchen?
Dat ass e Kaweechelchen, dat an engem Nascht an engem Bam wunnt, net wäit ewech vun dengem Haus. De Willi Weekelchen ass traureg. Jidderee kann eppes. Mee wat kann hien?

Eng léierräich Geschicht fir Kanner vun 2 Joer un!

Déi Lëtzebuerger Illustratorin Tammy Faires-Back, gebuer 1980, lieft zu London. Si huet e Bachelor am Design gemaach an dono e Master am “Industrial Design” drugehaangen. Duerch hire Beruff als Akeeferin a Produktentwécklerin bei enger Firma fir Spillsaachen huet si vill Erfahrung a Saache Kannerbicher gesammelt. Am Moment schafft si als Grafikdesignerin an enger Schoul an ass Mamm vun zwee Kanner.

No “Russesch Wantermärercher” an “D’Susi Jomes sicht e Kaddo” ass dëst dat drëtt Buch vum Simone Bleser, gebuer 1980, Mamm vun zwee Kanner. Si huet Slavistik a Politikwëssenschaft zu Tréier an a Russland studéiert. Dunn huet si e Bachelor an der Germanistik op der Uni Lëtzebuerg gemaach, wou si momentan hire Master an “Lëtzebuerger Studien” mécht.

...............................

Simone Bleser an Tammy Faires-Back: De Willi Weekelchen.
16 déck Kartongssäiten, 17 x 17 cm. Präis: 14 €. ISBN: 978-99959-2-008-1.
Fir Kanner vun 2 Joer un.
An de Librairien an op www.editions.lu

Back to Top
CIM LOGO